D’Vertrieder vun der BGL BNP Paribas wieren nach däitlech manner gespréicheg gewiescht, wéi déi vun der Spuerkeess, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding bedauert.
"Secret bancaire ass dat Wuert wat am meeschten haut gefall ass. (...) Dat Wuert Caritas hu si net eng Kéier an de Mond geholl. Si hunn ëmmer nëmme vum Client geschwat. Dat mengen ech weist hir Approche, wéi si och hei un den Dossier eru ginn."
D'BGL-Responsabel hätten, genee wéi déi vun der Spuerkeess, drop verwisen, datt d'Prozedure funktionnéiert hätten.
"Si hunn och gesot, dass et net üblech wär, dass Kreditter autoriséiert ginn, wa keen ënnerschriwwene Kontrakt virläit. Do hunn ech awer d'Fro gestallt, wéi et da méiglech ass, wou d'Finanzdirektesch am Juni nach eng Kéier gefrot hat, fir op 23 Millioune Kredit eropzegoen. Do huet d'Bank deemools refuséiert. Si huet gesot, et misst en zweete Kontrakt ënnerschriwwe ginn, huet awer trotzdeem erlaabt, dass konnten nach 7 Milliounen iwwer de Kont dee Momenten erausgoen."
Net vill aus de Banken erauszekréien
Vun engem "besonnesch frustranten Exercice" huet déi gréng Deputéiert Djuna Bernard geschwat.
"Dat heiten, dat war quasi ee Blocage total vu Säite vun der BGL. Mir hu quasi op all Fro d’Äntwert kritt, dass de Secret bancaire hinne géing verhënneren eis iergend eng Auskunft ze ginn. Ech menge mir hätten eis bal deen heite Rendez-vous kënne spueren."
Och de President vun der Spezialkommissioun Caritas, den CSV-Deputéierte Charles Weiler, bedauert, datt een net vill vun de Bankevertrieder gewuer ginn ass.
"Et war awer scho wichteg fir eis d’Banken ze gesinn, och ze héieren, och verschidden intern Prozeduren, déi si hunn, awer ze héieren. Mee et huet eis elo – muss ee soen – net terribel vill weider bruecht."
Marc Baum ass frustréiert
Den Imageschued fir d'Banke wier elo scho grouss, sou de Charles Weiler. Dofir, a wëll Enquête lafen, misste si natierlech elo immens oppassen. Déi verschidden Enquêtë vun CSSF a vun der EZB misst elo ofwaarden.
All Froen zur Responsabilitéit vun der BGL BNP Paribas an zu den Decisioune fir d’Kreditlinne fir d’Caritas wieren ouni Äntwert bliwwen, esou den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum.
"Also wann dat do d’Bankeplaz zu Lëtzebuerg ass, ma da prost, äddi."
C. Hartmann: Gefill an enger Enquêtëkommissioun ze sinn
Jidderee géif probéiere sech ze verdeedegen, och vis-à-vis vun den Deputéierten aus der Spezialkommissioun, esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann. D'Kommissiounssitzunge géifen an der Tëschenzäit ganz staark wéi déi vun enger Enquêtekommissioun wierken.
"Ech mengen et ass eng rise Fraude, wou och d'Gesellschaft wëll wëssen, wie responsabel ass. An et ass awer komplizéiert, dass een elo muss awer waarden."
Am Juli d’lescht Joer war bekannt ginn, datt 125 frauduléis Iwwerweisunge vu Caritas-Konte bei dëse béide Banken op spuenesch Konte gemaach gi waren, ouni datt d’Banken dat gestoppt haten. Iwwer d’Hallschent vun de geklauten 61 Millioune ware Scholden.