Radioen

On air

Notturno  |  Christian McBride Big Band - Gettin' To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ukrain kann op brittesch an amerikanesch Militärhëllef zielen

Krich an der Ukrain

D'Ukrain kann op brittesch an amerikanesch Militärhëllef zielen

D‘Ukrain kann op weider militäresch Hëllef aus Groussbritannien an den USA zielen. Déi brittesch Regierung stellt der Ukrain weider Militärhëllefen an Héicht vun ëmgerechent 580 Milliounen Euro zur Verfügung. D'USA solle jo Hëllefen am Wäert vun 61 Milliarden Dollar ginn.

auto_stories

1 min

Patriot | © picture alliance/dpa | Philipp Schulze
Foto: picture alliance/dpa | Philipp Schulze

De brittesche Premier Rishi Sunak huet versprach, datt Kiew vu London ënner anerem Dronen, Ofwierrakéiten a Munitioun géif geliwwert kréien.

Zu Washington kënnt den neien Hëllefspak fir d‘Ukrain haut an de Senat. Well d‘Demokraten do an der Majoritéit sinn, gëtt mat séierer Zoustëmmung gerechent. Dat nodeems d‘Representantenhaus de Pak vu ronn 61 Milliarden Dollar Hëllef fir d‘Ukrain, no méintelaangen Diskussiounen, ugeholl hat.

Selenskyj: Rakéitenofwiersystemer ginn dréngend gebraucht

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet a sengem Videomessage gëschter Owend widderholl: D‘Ukrain bräicht virun allem an dréngend elo Rakéitenofwiersystemer vum amerikaneschen Typ „Patriot“. Däitschland huet der Ukrain e weidere Patriot-System zougesot.

Beim Treffe vun den EU-Aussen- a Verdeedegungsministere gëscht zu Lëtzebuerg hu keng weider EU-Staate sech deem Schrëtt ugeschloss.