Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Skeleten - Sharing The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vereenegung vun de Biobaueren fuerdert Bürokratieofbau

Landwirtschaft

D'Vereenegung vun de Biobaueren fuerdert Bürokratieofbau

A verschidden EU-Memberlänner manifestéieren d’Baueren, well se net méi genuch Revenu hunn. An Däitschland gouf protestéiert, well d’Regierung den Diesel fir Traktere nees wëllt besteieren, a Frankräich an an der Belsch ginn et Protester wéinst den héijen Ëmweltschutzoploen, mee och wéinst der Bürokratie déi et fir Bauere gëtt. D’Biobauerevereenegung ka bestätegen, datt déi bürokratesch Hürden ee grousse Problem duerstellen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Op där anerer Säit ass een awer net domat averstanen, datt d’Ëmweltschutzkrittären erofgeschrauft ginn. Déi konventionell Landwirtschaft hätt sech an de Beräicher Düngemëttel, Pestiziden a Saatgut an Ofhängegkeete vu grousse Konzerner bruecht. Mee och am Bioberäich géif et Ofhängegkeete ginn, betount d'Directrice vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft.

Esou wieren d‘Abnehmer fir Bio-Produiten dacks grouss Konzerner déi eng gewëss Maartmuecht hätten. D‘Daniela Noesen gesäit d‘Politik an der Verantwortung fir deem entgéint ze steieren, ouni wichteg Prinzippien iwwer Bord ze geheien.


D'Daniela Noesenplay_arrow

„Mir hu Krise bei eis vun der Biodiversitéit iwwer Klima, déi däerfe mer net iwwer Bord geheien, déi musse mer en vue halen a fir do brauche mir Léisungen, och fir eis Liewensgrondlagen ze schounen an trotzdeem gesond Liewensmëttel ze produzéieren.“

Den Erhalt vun der Liewensmëttelproduktioun, vun der Biodiversitéit a vun den etheschen Aarbechtsverhältnisser wier eng Aufgab fir déi gesamt Gesellschaft, esou nach d’Daniela Noesen.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft
Ëmwelt