Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Agrarministerin zitt e positive Bilan vum Landwirtschaftsdësch

Sektoriell Gespréicher

D’Agrarministerin zitt e positive Bilan vum Landwirtschaftsdësch

D’Agrarministesch Martine Hansen zitt e positive Bilan vum Landwirtschaftsdësch de Méindeg zu Senneng. Et wier no de siwe Stonne laangen Diskussioune gelongen, pragmatesch a Praxis-no Léisungen ze fannen.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Martine Hansen | © Chris Zeien play_arrow
D'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen (Foto: Chris Zeien)

Eng vun de konkreten Annoncen, déi dono gemaach goufe war jo déi, datt an engem gemeinsamen Aarbechtsgrupp mat de Bauere soll iwwer Ouverturen am Naturschutzgesetz geschwat ginn, wat d’Bauen an der Gréngzon ubelaangt.

„Beim Naturschutzgesetz steet jo dran, et muss lié à une activité agricole sinn. Mee wéi dann herno de Stall ausgesäit, dat weess awer nach am beschten, mengen ech, de Mann vum Fach.“

Wunnhaiser missten am Moment un eng activité agricole gekoppelt sinn. Gëschter hätt ee sech drop gëeenegt, datt een en Haus eventuell och kéint geneemegen, wann een zum Beispill vill Personal fir Véizuucht bräicht. Dobäi soll nom Bedarf vum eenzele Betrib gekuckt ginn an et soll och Limitatioune ginn "an ofhängeg vun der Betribsgréisst, gëtt dat dann definéiert".

Primm fir de Verzicht op Glyphosat

An Zukunft soll de Verzicht op Glyphosat och finanziell honoréiert ginn, sou d'Martine Hansen. Dee Prinzip wier an der Landschaftsfleegeprimm och schonn ëmgesat ginn, sou d'Ministerin. A well vill Baueren do matgemaach hätten, hätt een decidéiert op de Wee ze goen.

"Déi fréier Regierung hat e Verbuet gemeet, an dee Verbuet ass gekippt ginn (...) Mir hu gesot: mir wäerten eis elo net erëm eng Kéier e Prozess siche goen, andeems mer de Glyphosat verbidden, well dee Prozess wäerte mer dann och nach eng Kéier verléieren. Mee mir wäerten nach eng Kéier dee fräiwëllege Verzicht ënnerstëtzen.“

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft
Ëmwelt