Radioen

On air

Concert  |  Tscheschesch Mythen a Landschaften

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Friedrich Merz schwätzt vun engem "éierlechen Dag"

Bundeskanzlerwal am zweeten Ulaf gepackt

De Friedrich Merz schwätzt vun engem "éierlechen Dag"

Den neien däitsche Kanzler Friedrich Merz huet op seng schwiereg Wal gëschter um Dënschdeg am Bundestag reagéiert: Op der ARD sot hie gëschter, et wier een "éierlechen" Dag gewiescht. Datt hien eréischt am zweete Walgang gewielt gouf, well hien am éischten net déi néideg Majoritéit krut, géif hien net als Zeeche vu Mësstraue banne senger Koalitioun gesinn.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

De Friedrich Merz hätt keng Zweiwel drun, datt CDU, CSU an SPD vertrauensvoll wäerten zesummeschaffen, esou deen neie Bundeskanzler.

Hie reest haut um Mëttwoch an d'Nopeschlänner Frankräich a Polen. Zu Paräis huet hien eng Entrevue mam franséische President Emmanuel Macron, an zu Warschau mam polnesche Premier Donald Tusk.

Bei der däitscher SPD gëtt dann haut eng nei Spëtzt gewielt. Den Deputéierte Matthias Miersch ass deen eenzege Kandidat fir d'Successioun vum Lars Klingbeil, deen elo Vizekanzler a Finanzminister an där neier Regierung ass.

Éischt Kritik vun deene Gréngen

Déi nei Regierung war gëschter fir hir éischt Sëtzung beieneen. Däitsche Medie no wier dobäi decidéiert ginn als Spuermesure 25 Poste vun den 43 Regierungs-Beoptraagten a Coordinateuren ofzeschafen. Dorënner déi vum Mier-Beoptraagten an dem Spezial-Beoptraagte fir international Klimapolitik. Déi fréier gréng däitsch Ëmweltministerin Steffi Lemke sot, dat wier e fataalt Signal fir de Mier- a Klimaschutz.

De Rick Mertens huet am Moiesstudio mat eisem Däitschland-Korrespondent iwwer d'Situatioun an eisem Nopeschland geschwat.

Lauschterenplay_arrow