Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschäerfung vun den däitsche Grenzkontrollen: Léon Gloden verweist op de Schengen-Kodex

100,7-Interview

Verschäerfung vun den däitsche Grenzkontrollen: Léon Gloden verweist op de Schengen-Kodex

Déi nei däitsch Regierung wëllt d'Grenzkontrolle verschäerfen. Dovu betraff wäert och Lëtzebuerg sinn, an dausende Pendler, déi all Dag iwwer d’Grenz fueren. Dat bedauert de Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden am 100,7-Interview, verweist awer och op de Schengen-Kodex.

auto_stories

4 min

headphones

8 min

© picture alliance/dpa | Daniel Karmann play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Daniel Karmann)

Däitschland kritt haut um Dënschdeg eng nei Regierung an déi wëllt als eng vun hiren éischten Amtshandlungen d'Kontrollen un de Grenze verschäerfen. Den designéierten däitschen Inneminister Alexander Dobrindt seet, scho vu muer u géife méi Kontrolle gemaach ginn an doduerch dann och méi Leit un den däitsche Grenzen zeréckgewise ginn.

Minister erwaart sech eng gutt Zesummenaarbecht mam Alexander Dobrindt

D'Fro stellt sech doduerch natierlech, wat dat fir d'Situatioun op der lëtzebuergesch-däitscher Grenz bedeit. Am 100,7-Interview seet den Inneminister Léon Gloden, datt hie sech als éischt mol op d'Zesummenaarbecht mam Alexander Dobrindt freet. Dobäi kéim, datt zwee Ministeren aus der Groussregioun kéimen.

“Ech stelle jo och fest, datt zwee Ministeren aus der neier däitscher Regierung hei aus der Groussregioun kommen, aus der Äifel an aus Tréier, soudatt ech dovunner ausginn, datt déi zwee Ministere jo wëssen, wéi mir hei an der Groussregioun fonctionéieren.”

Bis elo hätt hien nach kee Kontakt mam Alexander Dobrindt gehat, seet de Léon Gloden am 100,7-Interview. Mee hie wier awer iwwerzeegt, datt dat "an den nächsten Deeg" geschéie wäert. Béid Minister kenne sech awer schonn.

“Den Här Dobrindt war jo Fraktiounschef vun der CSU déi Zäit, wéi ech och an der Chamber hei war. An do hate mir och eng oder déi aner Begéinungen. An duerfir sinn ech sécher, datt mir do eng gutt Zesummenaarbecht hunn.”

Mat der Nancy Faeser huet de Léon Gloden ugefaangen zwee bilateral Accorden ze verhandelen. Hie geet och dovunner aus, datt een op där Basis och weider verhandele wäert. Et waren dëst een Accord iwwer d'Police-Kooperatioun, an een zum Theema Zréckweisungen a béid Länner.

Bilateralen Accord mat Däitschland

Wat konkret d'Grenzkontrollen ugeet, betount den Inneminister, datt een op däitscher Säit net gesot hätt, datt neier géingen dobäi kommen.

“Jo, ech ginn net dovun aus, datt elo nach Grenzkontrollen op deenen, nenne mir esou, méi klenge Brécke kommen, mat Däitschland. Ech ginn dovun aus, datt déi op der Schengener Autobunn weidergeféiert gëtt. Dat ass jo fir eis den Haaptproblem, well sech do Staue bilden an eeben d'Pendler och méi laang brauchen, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen.”

Et ass och ugekënnegt ginn, datt méi Leit sollen ofgewise ginn un den däitsche Grenzen. Mee wat geschitt mat deene Leit, wann dat op enger Lëtzebuerger Grenz geschitt? Bis elo sinn déi Leit, wann dat de Fall gewiescht soll sinn, weider duerch Lëtzebuerg an een anert Land virugezunn, erkläert de Léon Gloden. Vun do wiere si "vläicht erëm iergendwou iwwer eng aner Bréck erëm zeréck an Däitschland" komm.

Dofir hätt hie mat der Ex-Inneministesch Nancy Faeser ugefaangen, deen Accord bilateral ze negociéieren. Dat wier och am Schengen-Kodex virgesinn, ënnersträicht de Léon Gloden. Wat genee den Accord virgesäit, kann de Minister awer nach net soen.

“Mir sinn do ganz am Ufank. Do kann ech Iech nach näischt iwwer de Contenu soen, mee den Objet ass eebe fir d'Modalitéite festzeleeën, vice versa, och wa mir géifen dann illegal Immigranten zeréck an Däitschland verweisen, wéi dat konkreet iwwer d'Bün geet.”

Den CSV-Politiker wënscht sech keng Kontrolle méi am Schengenraum, "mee bis mir do ukomm sinn, musse mir och weisen, datt mir dat eescht huelen an déi Accorden do elo schnellstméiglech fäerdeg negociéieren." E positiivt Beispill wier d'Zesummenaarbecht mat Frankräich.

Hoffnung läit op der Europäescher Kommissioun

Eppes betount de Léon Gloden am 100,7-Interview ganz besonnesch: Laut Schengen-Kodex kënnen d'Kontrolle maximal zweemol verlängert ginn.

“An ech hunn och héieren, datt déi däitsch Autoritéiten an déi nei däitsch Regierung och gesot huet, datt fir si wichteg ass, datt deen Asylpakt schnell ëmgesat gëtt. Dee muss jo bis Juni ëmgesat sinn. An ech denken, wa mir deen och bis dohinner ëmgesat kritt hunn, datt dat och een neie Moment gëtt, fir dann och déi Kontrollen ewechzekréien.”

Lëtzebuerg kéint awer elo scho méi direkt géint d'Grenzkontrolle virgoen a beispillsweis bis op den Europäesche Geriichtshaff goen. Dat schéngt een awer net wëllen ze maachen. Fir de Minister hätt een awer schonn ee "ganz seriösen Akt" gemaach, andeems ee bei der Europäescher Kommissioun eng Reklamatioun agereecht hätt.

“Mir sinn dat éischt Land, wat dat gemaach huet. Dat huet schonn zu Bréissel fir e bësse Stuerm am Waasser gesuergt.”

D'Kommissioun, als "Hüterin vun de Verträg", sollt Däitschland matdeelen - am Fall, wou Krittären net erfëllt sinn -, datt d'Kontrollen net rechtskräfteg sinn. Wann d'Kommissioun dat awer net mécht, géing een de Wee op den Europäesche Geriichtshaff trotz allem net sichen.

“Déi Fro kruten de Premier an ech jo och schonn an der Chamber gestallt an d'Äntwert war ganz kloer, datt mir dat net géife maachen, well et och näischt bréngt.” 

Lauschterenplay_arrow