Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Arctic Monkeys - Fluorescent Adolescent

play_arrow Live
search

/ Wolodymyr Selenskyj: Russland soll Waffepaus vun 20 Deeg zoustëmmen

Vum 15. Mee un

Wolodymyr Selenskyj: Russland soll Waffepaus vun 20 Deeg zoustëmmen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wëllt, datt Russland eng Waffepaus vun 30 Deeg respektéiert, domat ass Kiew dann och prett fir direkt Gespréicher mat Russland, dat huet de Selenksyj de Moien an de soziale Medie matgedeelt. Ëmmerhi wier e positiv, datt Russland géif ufänken d‘Enn vum Krich z‘envisagéieren, deen elo schonn zënter Februar 2022 dauert.

auto_stories

1 min

© European Council
(Foto: European Council)

De Wladimir Putin wëllt just Zäit gewannen, dat ass dem franséische President Emmanuel Macron seng Reaktioun op d‘Propos déi de Wladimir Putin de Samschdeg gemaach huet. Et sollten direkt Friddensgespréicher mat der Ukrain gefeiert ginn, esou den Putin, den nächsten Donneschdeg 15. Mee schonn an zwar zu Istanbul an der Tierke. Dat huet de Putin de Samschdeg den Owend viru Journalisten zu Moskau annoncéiert, nodeems d'Ukrain an hir Alliéiert Drock gemaach hunn, fir eng Waffepaus vun 30 Deeg duerchsetzen. De Putin hätt sech wuel beweegt, esou de Macron, mee et wier en Auswäichmanöver.

An der Nuecht op e Sonndeg huet Russland d‘Ukrain mat iwwer 100 Dronen ugegraff, 60 hätten der kënnen erofgeschoss ginn, esou Kiew.