Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi Lénk an den Europawalen: 6 Kandidatinnen a Kandidaten, keng Spëtzekandidatur

déi Lénk

déi Lénk an den Europawalen: 6 Kandidatinnen a Kandidaten, keng Spëtzekandidatur

Eng 70 Membere vun déi Lénk hate sech zu Esch an der Maison du Peuple versammelt fir de Kongress. D’Partei huet hire Walprogramm an d‘Kandidatelëscht fir d‘Europawalen den 9. Juni presentéiert. Eng Spëtzekandidatur gëtt et net.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

déi Lénk | © Marlène Clement play_arrow
Foto: Marlène Clement

Déi sechs Kandidatinnen a Kandidate sinn d’Ana Correia da Veiga, den André Marques, d’Anastasia Iampolskaia, de Ben Muller, d’Tania Mousel an den Alija Suljic. D’Altersmoyenne vun der Kandidatelëscht vun déi Lénk läit bei 30,5 Joer.

Ana Correira: Spëtzekandidatur wier net kohärent

D’Ana Correia da Veiga war nach bis kuerz virum Kongress vun déi Lénk als Spëtzekandidatin fir d‘Europawale virgesinn, si huet sech dat awer anescht iwwerluecht, wéi si an hirer Ried erkläert huet. Eng Spëtzekandidatur wier net kohärent.

"Wa mir wierklech wëllen deene jonke Lénken déi Stëmm ginn a si och an de Vierdergrond wëlle setzen, da brauche mir net nëmmen ee Spëtzekandidat, mee sechs.“

Wat de Walprogramm fir d‘Europawalen ugeet, esou stinn déi sozial Froen, de Schutz vun der Ëmwelt an d’Rechter vun de Fraen an der LGBTQI+ Communautéit ganz uewen an de Prioritéite vun déi Lénk.

"Festegung an Erweiderung vum europäesche Sozialrecht“

Et wéilt een eng EU, an där d‘Interesse vun de Schaffende vertruede sinn an net just déi vun de Konzerner, esou de lénke Kandidat fir d’Europawalen Alija Suljic.

"Do wou Sozialdumping, dee sozial Acquisen ënnergrueft a schaffend Leit géinteneen ausspillt sech längst als boomende Businessmodell etabléiert huet, muss zesumme mat de Gewerkschafte fir eng Festegung an eng Erweiderung vum europäesche Sozialrecht gekämpft ginn.“

Hefteg Kritik géint CSV-DP Regierung

déi Lénk hunn op hirem 21. Kongress och net u Kritik gespuert, wat d’Aarbecht vun der CSV-DP Regierung ugeet. Och dat ëmstriddent Heescheverbuet war nach eng Kéier Theema. Dozou den Oppositiounsdeputéierte Marc Baum.

"Wann 110 spezialiséiert Beamten aus der Police judiciaire mussen aarmen Däiwele mat hire Becheren nolafen, a gläichzäiteg iwwer 1.200 Fäll vu Kriminalitéit net kënnen traitéiert ginn, pikanterweis besonnesch déi aus der Finanz- a Wirtschaftskriminalitéit, dann hu mir e Sécherheetsproblem hei am Land, an dee Sécherheetsproblem heescht Leon Gloden.“

Schaarf Kritik gouf et och un de rezenten Aussoe vun der Stater Schäffen an DP-Deputéiert Simone Beissel an dem Hesper CSV-Buergermeeschter Marc Lies, déi fir vill Opreegung gesuergt haten. Wann ee schwaarz a blo géing vermëschen, da géing ee riskéieren, datt brong erauskënnt, esou d’Co-Parteispriecherin vun déi Lénk, Carole Thoma.

Bis elo hat déi Lëtzebuerger Lénk nach ni e Sëtz am Europäesche Parlament. Bei den Europawalen 2019 haten déi Lénk 4,83 Prozent vun de Stëmme kritt.

Aktualitéit
Europawalen
Politik