Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Venus As A Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk ginn ouni Spëtzekandidat an d'Europawalen

Europawalen

Déi Lénk ginn ouni Spëtzekandidat an d'Europawalen

Déi Lénk hu kuerz viru Mëtteg hir sechs Kandidate fir d'Europawale presnetéiert. Déi sechs Kandidatinnen a Kandidate sinn: D’Ana Correia da Veiga, den André Marques, d’Anastasia Iampolskaia, de Ben Muller, d’Tania Mousel an den Alija Suljic. Eng Spëtzekandidatur gëtt et net. D’Altersmoyenne vun der Kandidatelëscht vun déi Lénk läit bei 30,5 Joer.

auto_stories

1 min

déi Lénk | © Marlène Clement
Foto: Marlène Clement

Dës Kandidatelëscht muss awer nach ugeholl ginn. Dat geschitt eréischt um Enn vum Kongress. Do kéint et also nach zu där enger oder anerer Ännerung kommen. Dat selwecht gëllt och fir de Walprogramm, also d'Manifest vun déi Lénk fir d'Europawalen.