Radioen

On air

Notturno  |  Lisa Berg - Hope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi experimentell Säit vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft

Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie

Déi experimentell Säit vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft

Experimenter wat d’Landwirtschaft ugeet sinn zu Lëtzebuerg nach éischter rar. De Biobauer Daniel Schaaf geet awer nei Weeër, andeems hie Lënsen ubaut. Bei där Ëmstellung kann hien och op d’Ënnerstëtzung vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie (IBLA) zielen.

auto_stories

5 min

headphones

21 min

Daniel Schaaf Stephanie Zimmer | © Maurice Molitor play_arrow
Den Daniel Schaaf an d'Stéphanie Zimmer. (Foto: Maurice Molitor)

Zu Buerschdref an der Gemeng Rouspert-Mompech gëtt et ee Feld, op deem Lënsen ugebaut ginn. Dëst ass éischter ontypesch hei am Land. De Biobauer Daniel Schaaf, deen d’Lënsen hei ubaut, gëtt och zou, datt et sech fir Lëtzebuerger Verhältnisser ëm eng éischter exotesch Fruucht handelt.

Ee veganen Denkustouss

Am Kader vun der Ëmstellung vu sengem Betrib vun engem konventionellen, hin zu engem biologesche Bauerenhaff, huet den Daniel Schaaf decidéiert, Lënsen unzebauen. D’Iddi selwer ass awer well e bësse méi al. Vun enger Bekannten, déi Veganerin ass, gouf hien drop ugeschwat, datt d’Baueren net därmoosse vill fir Veganer géife maachen. Esou ass d’Iddi vum Lënsenubau komm.

Et handelt sech dobäi ëm eng Planz, déi d’Hëtzt gär huet, dofir de Reen awer manner. Am Abrëll gëtt ginn d’Planze gesat. Mëtt Juli bis Mëtt August ass dann d’Recolte. An där Zäit muss et och dréche sinn, soss fält d’Recolte schlecht aus. Dat war d’lescht Joer zum Beispill de Fall. Déi méi mëll Temperaturen duerch de Klimawandel maachen d’Ubaue vun de Lënsen hei am Grand-Duché dofir och iwwerhaapt mol méiglech.

Leguminose fir de Mënsch

D’Stéphanie Zimmer ass Directrice vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie (IBLA). Zesumme mat enger Dose Bauerenhäff hu si Projeten lancéiert, fir méi Kulture wéi Lënsen oder Kicherierbessen zu Lëtzebuerg unzeplanzen.

Déi sougenannt Leguminose ginn zu Lëtzebuerg schonn ugebaut: Routkléi, Ierbessen, Bounen, oder och ganz bësse Soja. Mee dës sinn all als Véihfudder geduecht. An Zukunft solle méi Leguminosen ugebaut ginn, déi och fir de Verzerr vum Mënsch geduecht sinn.

Den IBLA wëll mat dësem Projet een Ëmdenken a Saachen Ernierung a Flächennotzung provozéieren. Mee de Projet ass awer nach an de Kannerschong, wéi d’Stéphanie Zimmer verréit. D’Zil wier et awer, nei Erfarungen hei am Land ze gewannen, mee och a Saache Weiderveraarbechtung a Vermaartung eppes dobäizeléieren.

Den Daniel Schaaf huet beispillsweis och schonn deen nächste Projet an d’Ae gefaasst. Hie wëll an Zukunft Huewermiel produzéieren. Dëst ass glutefräit Miel, dat een zum Beispill beim bake vu Panecher benotze kann.

Dacks gëtt de Bauere virgehäit, net grad oppe fir Ännerungen ze sinn. Dëst wier u sech awer net de Fall, seet d’Directrice vum IBLA. Bal all Haff hätt säi klengen Eck, an deem Saachen ausprobéiert ginn.

Lënsenubau zu Buerschdref. | © Maurice Molitor
Lënsenubau zu Buerschdref. (Foto: Maurice Molitor)

Berodung fir Biobaueren

Den IBLA gëtt et iwwerdeems schonn zënter 2007. Déi gemengnëtzeg ASBL zielt haut 21 Leit an engagéiert sech an all den nohaltege Forme vun der Landwirtschaft. Et géing een awer och gären een Impakt op d’Gesellschaft hunn, an dofir wier et gutt, och iwwer d’Landwirtschaft eraus ze goen, seet d’Stéphanie Zimmer.

Dem Institut seng Haaptaufgabe leien an der Fuerschung an an der Berodung. Virun allem Baueren, déi op de Biobetrib ëmstellen, profitéiere vun dëse Berodungen. Dozou zielt och den Daniel Schaaf. Ouni Begleedung wier d’Ëmstellen op Bio praktesch net méiglech, gëtt hien zou. Vill Aspekter musse beduecht ginn: Planzenubau, Uebstubau, Véihaltung, Ställ, etc.

Wéi vill Kéi brauch Lëtzebuerg?

Wat d’Fuerschung vum IBLA ugeet, do stécht de Simba Projet eraus. Zesumme mat anere Partner – dorënner de LIST – ass een der Fro nogaangen, wéi vill Kéi nohalteg fir Lëtzebuerg wieren. Dat am Bezuch op d’Klima, Ökologie a Wirtschaft. D’Äntwert: 65.000. Aktuell ginn et der awer ronn 180.000.

Pro Awunner zu Lëtzebuerg ginn et 2.000 Quadratmeter landwirtschaftlech Fläch. 85 Prozent dovunner si fir d’Produktioun vun Déierefudder virgesinn, 15 Prozent fir d’Ernierung vum Mënsch. Rechneresch wier et machbar, sech just vun den 2.000 Meterkaree ze ernieren. Mee aktuell gëtt beispillsweis vill Soja importéiert, fir d’Véi ze fidderen.

Fir eppes dorun ze ännere kéinten d’Konsumente beispillsweis manner Iesse fortgeheien, oder och manner dacks Fleesch an der Woch iessen. Den Duerchschnëttslëtzebuerger ësst pro Joer 90 Kilo Fleesch.

Mee natierlech mussen och d’Baueren iwwerliewen. Dat weess och d’Stéphanie Zimmer. De Bauer géing sech de Rahmebedingungen, déi him d’Politik an d’Gesellschaft virginn, upassen. Schlussendlech wier d’Aarbecht vun der IBLA och als Gedankenustouss ze verstoen, well si keng konkret Handlunge vun anere Leit oder Acteure fuerderen.

Lauschterenplay_arrow