Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Mozart, Beethoven a Mahler

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Déi franséisch Schrëftstellerin Maryse Condé ass gestuerwen

Am Alter vun 90 Joer

Déi franséisch Schrëftstellerin Maryse Condé ass gestuerwen

D’Schrëftstellerin Maryse Condé ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Si war eng weltwäit bekannt Schrëftstellerin a Vertriederin vun der franséischer Literatur.

auto_stories

1 min

Maryse Condé | © picture alliance / NurPhoto | WIktor Szymanowicz
Foto: picture alliance / NurPhoto | WIktor Szymanowicz

D'Maryse Condé ass an der Guadeloupe opgewuess, mat 16 Joer goung si fir hir Studien op Paräis an huet duerno eng Rei Joren a Westafrika gelieft, éier si zeréck an d'Guadeloupe goung. Si gëllt als eng engagéiert Indépendantistin.

"Ségou" ass ee vun hire bekannte Romaner. An hirem Wierk hannerfreet si d’Konzept vun der Identitéit.

2018 krut d’Maryse Condé den alternativen Nobelpräis, de Literaturpräis vun där neier Académie, déi agesat gouf, wéi de Literaturnobelpräis 2018 net vergi gouf, well et Onstëmmegkeeten am Nobel-Comité gouf.