Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Eenzelhandel: Ee Secteur mat “méi schwieregen Aarbechtsbedingungen”

Sozialwalen

Den Eenzelhandel: Ee Secteur mat “méi schwieregen Aarbechtsbedingungen”

Den Eenzelhandel ass ee Secteur mat méi schwieregen Aarbechtskonditiounen, a fir déi Beschäftegt ass et ganz komplizéiert, Beruff a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien, heescht et vun de Gewerkschaften. De Serge Kesseler huet nogefrot, wéi eng Problemer déi Beschäftegt an dësem grousse Secteur mat iwwer 3.000 Entreprisen aktuell hunn, a wéi méiglech Léisunge fir den Eenzelhandel kéinten ausgesinn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Lisa Lahos

Lounerhéijungen a besser Lounbedéngungen: dorëm goung et virun allem bei de Verhandlungen am Eenzelhandel an de leschte Méint a Joren, seet den David Angel vum OGBL. D’Personal am Eenzelhandel géif an der Reegel de Mindestloun oder net vill méi verdéngen, esou de Gewerkschaftler.

"Mir hunn allgemeng eng Populatioun vu Leit, déi oft a méi prekäre Liewenssituatioune sinn. Mir hu vill Fraen, mir hu vill elengerzéiend Persounen, mir hu ganz vill och Frontalieren an Net-Lëtzebuerger, dat heescht Leit, déi och politesch manner Gewiicht hunn an der Debatt hei zu Lëtzebuerg an deementspriechend sinn d’Aarbechtskonditiounen och e bësse méi komplizéiert an deem Secteur."

Wat ass iwwerhaapt Flexibilitéit?

De Sozialdialog tëschent den Acteuren am Eenzelhandel wier de Moment ganz gutt, esou beschreift den Tiago Afonso vum LCGB d’Situatioun. De Stress fir déi Beschäftegt an den Entreprisë géif awer konstant erop goen.

"De Patron freet ëmmer méi Flexibilitéit vum Salarié. A méi Flexibilitéit, wat ass dat? An deem Punkt schwätzt ee vun Iwwerstonnen, et schwätzt ee vun den Horairen, wou den Dag virdru gewiesselt ginn, d’Leit sechs Deeg op siwe schaffen (...) An och zum Beispill ganz oft am Aarbechtskontrakt steet dann och einfach, de Lieu de travail kann heiansdo variéieren. Haut zum Beispill kanns du zu Esch am gaangen sinn ze schaffe a muer bass du zu Wolz."

Den OGBL ass der Meenung, datt d’Léin am Eenzelhandel substantiell missten erop gesat ginn, esou den Zentralsekretär David Angel.

"Dat anert sinn natierlech d’Aarbechtszäiten, wou mir ee grousse Problem hunn. Dat huet natierlech mat den Ëffnungszäiten och am Secteur ze dinn, mee och mat där Flexibilitéit."

Sonndes schaffen

D’Gesetz iwwert d’Ëffnungszäiten am Handel soll elo mat e puer Joer Verspéidung reforméiert ginn: der aktueller Praxis soll dobäi Rechnung gedroe ginn, hat de Minister Lex Delles rezent ugekënnegt.

Wann d’Personal sonndes schafft, da soll dat just op fräiwëlleger Basis geschéien, betount an deem Kontext vun den LCGB-Gewerkschaftssekretär Tiago Afonso.

"Ganz kloer, reng zur fräiwëlleger Basis: dat ass fir eis dat Allerwichtegst, wat an deem Punkt do Sonndesaarbecht ka gemaach ginn. An och zum Beispill mat de Majoratiounen: d’Patrone waren och bereet, datt d’Majoratioune vum Sonndeg net op 70 Prozent bezuelt ginn, mee 85, 90 oder 100 Prozent."

De Moment wier et esou, datt d’Sonndesaarbecht am Prinzip op véier Stonne limitéiert ass, rifft den David Angel vum OGBL an Erënnerung.

"An datt et d’Méiglechkeet gëtt dozou iwwert de Kollektivvertrag ze derogéieren an da bis op aacht Stonnen ze goen. Dat huet eis et an de leschte Joren erméiglecht, an enger ganzer Partie Kollektivverträg do Léisungen ze fannen, déi adaptéiert waren un d’Besoine vun de Betriber an och vun de Salariéen. Et huet eis et och erméiglecht, Géigeleeschtungen auszehandelen. (...) A mir sinn am Fong der Meenung, datt dat eng relativ gutt Léisung ass, a gesinn net onbedéngt de Besoin fir do elo ze legiferéieren."

Ee sektorielle Kollektivvertrag fir de ganze Commerce ze erreechen wier ganz schwéier, esou nach den Tiago Afonso vum LCGB. D’Approche vum OGBL wier et, fir verschidden Ënnersecteuren am Handel, wéi zum Beispill de Moudesecteur, d’Baumäert oder d’Tankstelle Kollektivverträg auszehandelen, seet den David Angel.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen