Radioen

On air

Notturno  |  Sam Amidon - Light Rain Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Michelle Cloos iwwer den gender pay gap: Frae si weider benodeelegt

Fraerechter

D'Michelle Cloos iwwer den gender pay gap: Frae si weider benodeelegt

D’Ausso, datt Fraen zu Lëtzebuerg liicht méi verdénge wéi Männer, misst ee relativéieren, seet d’Michelle Cloos vum OGBL. Den Écart vun 0,7 Prozent zugonschte vun de Fraen, deen de STATEC kierzlech ausgerechent hat, géif sech just op den Duerchschnëttsstonneloun bezéien, wann een all d’Secteure vun der Ekonomie zesummenhëlt.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Michelle Cloos gëtt demnächst Direkterin vun Editpress.(Foto: Chris Zeien)

Wann een aner Parametere kuckt, wieren d’Fraen ëmmer nach benodeelegt. Beim Joresakommes zum Beispill, oder iwwerall do wou op Evaluatioun bezuelt gëtt, sou d’Michelle Cloos. D‘Gewerkschaftlerin nennt de Finanz- an Déngschtleeschtungssecteur a Betriber an deenen et kee Kollektivvertrag gëtt.

„Do gëtt et net déi Transparenz. An do muss jiddereen individuell verhandele goen a fir Geld froen. An do huet een net automatesch Garantien. An do wësse mer, datt Frae méi schlecht ewechkommen.“

Michelle Cloos: D'Recht op Ofdreiwung sou staark wéi méiglech verankeren

Haut um Internationalen Dag vun der Fra ënnerschreift den Emmanuel Macron d’Gesetz, duerch dat d’Recht op Ofdreiwung an der franséischer Verfassung verankert gëtt. Zil dovun ass jo eng Sécherheet ze schafen, datt dat Recht net esou einfach a Fro gestallt ka ginn. Sollt een en änleche Schrëtt och zu Lëtzebuerg envisagéieren?

Jo, seet d‘Michelle Cloos, et kéint ee sech haut net méi drop verloossen, datt Acquise bestoe bleiwen. An der Vergaangenheet hätt een och ëmmer erëm gesinn, datt Errungeschaften an deene Beräicher erëm a Fro gestallt ginn. Dofir wier et wichteg, dës Acquise sou staark wéi méiglech ze verankeren.

„An dat ass an enger Verfassung natierlech méi de Fall wéi an engem normale Gesetz, well dat jo eng vill méi grouss Hürd ass, fir et do nees a Fro ze stellen.“

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen