Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billie Marten - Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Grenzen: Däitleche Réckgang vun den irreguläre Grenzpassagen

Neien EU-Daten no

EU-Grenzen: Däitleche Réckgang vun den irreguläre Grenzpassagen

An der EU gëtt et een däitleche Réckgang vun den irreguläre Grenzpassagen: Neien EU-Daten no sinn an den éischte véier Méint vum Joer ronn 47.000 Leit illegal iwwer eng EU-Grenz passéiert. Dat si knapp 30 Prozent manner wéi an der selwechter Period zejoert.

auto_stories

1 min

E Flüchtlingscamp un der griichescher Grenz. | ©  picture alliance / dpa | Kay Nietfeld
E Flüchtlingscamp un der griichescher Grenz. (Foto: picture alliance / dpa | Kay Nietfeld)

Dee stäerkste Réckgang gouf et op der sougenannter "Westbalkanroute". Do goufen nach ronn 3.100 irregulär Grenzpassage registréiert. Dat entsprécht engem Réckgang vun 58 Prozent. Mee och op allen anere wichtege Route sinn d‘Zuelen zeréckgaangen.