Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech si gären den Duerfdokter"

UM BOLS - LËTZEBUERG VIRUN DE CHAMBERWALEN

"Ech si gären den Duerfdokter"

D’Covid-Pandemie huet eise Gesondheetssystem op d’Prouf gestallt. An dofir gëtt elo och an der Politik kontrovers doriwwer diskutéiert, wéi déi medezinesch Versuergung och an Zukunft ka garantéiert ginn. D’Waardezäiten an den Urgencen a bei den IRMe spillen am Walkampf eng grouss Roll. Iwwer d’Roll vun den Hausdoktere gëtt dogéint manner geschwat. De Rick Mertens war sech dofir an den Norde vum Land ukucken, wéi et am Moment ëm déi medezinesch Grondversuergung bestallt ass.

auto_stories

7 min

headphones

7 min

© Rick Mertens play_arrow

Zu Housen am Centre Medical schellt den Telefon och samschdes moies. D’Patiente ginn nämlech hei net just an der Woch, mee och de Weekend versuergt.

Den Dokter als enke Vertrauten

Den Hermann an d’Chantal profitéieren zum Beispill de Moie fir nach eng Routine-Kontroll bei hirem Hausdokter ze maachen, éier an e puer Deeg eng Operatioun usteet.

Déi zwee kommen zanter e puer Joer an de Centre Medical op Housen. Den Dokter Kevin Prohaska ass hei als Generalist hir éischt Ulafstell fir all hir gesondheetlech Froen.

“De But vun eis ass wierklech eng Médecine gééerale, eng Médecine de famille op laang Siicht. Datt een d’Leit einfach kennt. Dat ass wichteg bei der Preventioun: Wann een d’Leit laang kennt, laang suivéiert an da seet: Hei lauschtert, do musse mir drop oppassen, dann huet dat Wuert een anert Gewiicht.”

Och samschdes kommen d'Leit an d'Praxis. | © Rick Mertens
Och samschdes kommen d'Leit an d'Praxis. (Foto: Rick Mertens)

© Rick Mertens
(Foto: Rick Mertens)

Dokter sinn zu Housen: eng bewosst Entscheedung

Well déi Bindung zu de Patienten him wichteg ass, huet de Kevin Prohaska sech no senger Ausbildung op der Uni ganz bewosst dofir decidéiert Hausdokter am Norde vum Land ze ginn. Als gebiertegen Escher huet hie viru sechs Joer eng Plaz als Generalist zu Housen iwwerholl, an dat och ni bereit.

Wann een zu mir seet: Du bass den Duerfdokter, da fannen ech dat guer net schlëmm. Ech fannen dat net beleidegend. Ech hunn do keng Scham, oder iergendwéi ee Mannerwäertegkeetsgefill vis-à-vis vun engem Kolleeg, deen an der Stad schafft. Mir hunn hei eis Tâche, wou mir solle maachen.

D'Praxis zu Housen. | © Rick Mertens
D'Praxis zu Housen. (Foto: Rick Mertens)

An dat ass keng Tâche, déi zu Housen virun der Dier vun der Praxis ophält. Well zwee Mol an der Woch fueren d’Generalisten aus dem Centre Médical vun Housen op Klierf fir sech do an den Altersheemer ëm hir Patienten ze këmmeren.

Méi Aarbecht wéi Zäit

Bei d’Déngschter an den Altersheemer komme fir de Kevin Prohaska dann och nach reegelméisseg Déngschter an der Maison Médicale zu Ettelbréck dobäi. Donieft ass de jonken Dokter och nach bei de Rettungsdéngschter vum CGDIS aktiv. An eng normal Aarbechtswoch passt dee Pensum net.

“Dokter: Eng 40-Stonne-Woch, dat gëtt et net. (...) Et ass vill, mee et mécht een et gären. Also ech perséinlech maache mäin Job ganz, ganz gären. Ech wéilt näischt anescht maachen. Et muss een einfach seng Erfëllung fannen. An an der Médecine Génerale, do kann een dat maachen.”

De jonken Dokter weist awer drop hin, den Aarbechtsrhythmus just ze stemmen ass, well seng Famill matspillt an hien och op d’Ënnerstëtzung vu sengen Aarbechtskolleegen an der Gemeinschaftspraxis kann zielen.

Zwee Mol an der Woch fueren d’Generalisten aus dem Centre Médical vun Housen op Klierf an d'Altersheemer. | © Rick Mertens
Zwee Mol an der Woch fueren d’Generalisten aus dem Centre Médical vun Housen op Klierf an d'Altersheemer. (Foto: Rick Mertens)

Am Centre Médical zu Housen ass de Kevin Prohaska nämlech just ee vu véier Dokteren, déi sécher stellen, datt déi medezinesch Grondversuergung sechs vu siwen Deeg an der Woch funktionéiert. Am Moment gëtt et awer eng Ongewëssheet an der Ekipp, wéi hien eis zielt.

“Eise Kolleeg, den Dr. Weis, deen dat hei am Fong gegrënnt huet, deen huet dëst Joer seng wuelverdéngte Pensioun geholl. An dofir kucke mir do fir een Nachfollger ze fannen.”

Wat bréngt d’Zukunft?

D’Sich no engem Nofollger dauert awer elo well gutt aacht Méint. Datt et esou schwéier ass, ee Generalist ze fannen, féiert de Kevin Prohaska awer net onbedéngt drop zeréck, datt Housen wäit vun enger Stad ewech läit. Mee éischter op en allgemenge Wandel an der Aarbechtswelt.

Et ass net méi wéi fréier, datt ee 24 Stonnen op 24 schafft. Den Eenzelkämpfer, deen esou laang schafft, dat ass en ausstierwende Modell.”

Doduerch, datt Dokteren haut dacks manner Aarbechtsstonne maachen, ginn insgesamt méi Doktere gebraucht. Dee Besoin ze decken ass ee vun de groussen Defien, déi an den nächste Joren op d’Gesondheetspolitik zoukënnt.

D'Praxis am Altersheem zu Klierf. | © Rick Mertens
D'Praxis am Altersheem zu Klierf. (Foto: Rick Mertens)

Dem Kevin Prohaska seng Patiente blécken trotzdeem éischter geloossen an Zukunft.

Hien ass nach relativ jonk. Also mir si sécher, datt hien eis - wann alles gutt geet - iwwerlieft (laacht). Well hie muss jo nach e puer Joercher schaffen.”

Vill aner Generaliste wäerten awer an den nächste Joren an d’Pensioun goen.

Lauschterenplay_arrow