Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esou leeft d'Wal vum neie Poopst of

Optakt vum Konklav

Esou leeft d'Wal vum neie Poopst of

Alles kuckt vun haut un op de Vatikan, wou d'Kardineel sech an der Sixtinescher Kapell versammele fir een neie Poopst ze wielen. Weltwäit ginn et 252 Kardineel, allerdéngs dierfe just 133 vun hinne vun haut un ofstëmmen an am Konklav de Successeur vum Poopst François bestëmmen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

An der Sixtinescher Kapell ass alles prett fir de Konklav. | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Vatican Media play_arrow
An der Sixtinescher Kapell ass alles prett fir de Konklav. (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Vatican Media)

Fir de Konklav virzebereeden hunn all déi 252 Kardineel sech an de leschten Deeg versammelt, fir iwwer d'Prioritéiten an dem eventuelle Profil vum nächste Poopst ze debattéieren.

Méi Diversitéit ënner de Kardineel

Fir e Stëmmrecht ze hunn, däerf ee Kardinol um Dag virum Doud vum Poopst maximal 80 Joer al sinn. Dat ass de Fall fir 135 Kardineel. Zwee vun hinnen hunn awer wéinst gesondheetleche Problemer annoncéiert, net kënnen op Roum ze reesen.

De Poopst François huet iwwerdeems ronn 78 Prozent vun de Kardineel ernannt, déi elo e Stëmmrecht hunn. Ënner hinne ginn et elo vill méi Afrikaner, Asiaten oder och Südamerikaner wéi virdrun.

38 Prozent vun de Kardineel sinn Europäer. Virun der Amtszäit vum Poopst François koum méi wéi d'Hallschent aus Europa.

Kee Kontakt zur Baussewelt

Déi 133 Kardineel mat Stëmmrecht gi quasi vun haut un an der Sixtinescher Kapell fir de Konklav agespaart. D'Wuert Konklav kënnt iwwregens vum laténgesche cum clave, dat heescht esou vill wéi "mat Schlëssel".

D’Karineel dierfe guer keng Kommunikatiounsmëttel bei sech hunn. Si schlofen an de spezielle Gebailechkeete vum Haus Sainte Marthe a si dierfe kee Kontakt hu mat der Baussewelt, Zeitung liesen ass och verbueden.

Haut um Dag vum Optakt vum Konklav ass moies traditionell eng Mass am Péitersdoum. Am Nomëtteg ass ee feierleche Cortège vun de Kardineel bis zur Sixtinescher Kapell, wou si agespaart ginn.

Zwee Drëttel vun de Stëmme gi gebraucht

Um éischten Dag gëtt eng éischte Kéier à huis clos a mat Bulletinen ofgestëmmt. Fir gewielt ze ginn, gëtt eng Zwee-Drëttel-Majoritéit gebraucht. Ass dat nom Vott net de Fall, da ginn d'Walbulletinen an engem speziellen Uewe verbrannt a vu bausse gesäit ee schwaarzen Damp aus engem klenge Kamäin erauskommen. Déi Deeg duerno ginn et maximal véier Votte pro Dag.

Wann no 34 Walen nach ëmmer keng Zwee-Drëttel-Majoritéit erreecht ass, da wier et méiglech, de Choix vun de Kardineel op déi bis dohinner zwee bescht gewielte Kardineel ze limitéieren. Mee och da brauch een zwee Drëttel vun de Stëmmen.

Kënnt eng Zwee-Drëttel-Majoritéit eraus, da kritt d'Welt et mat wäissem Damp matgedeelt, a mam Saz "Habemus Papam".

Lauschterenplay_arrow