Radioen

On air

Thé Dansant  |  Gloria Barnes - Old Before My Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberté a Fokus gräifen de politeschen Establishment un

Politik

Liberté a Fokus gräifen de politeschen Establishment un

De Roy Reding (Liberté-Fräiheet) an de Frank Engel (Fokus) wëlle mat hire neie Gruppéierungen den traditionelle Parteiesystem opbriechen. Eng gemeinsam Partei kënnt awer fir si net a Fro.

auto_stories

2 min

De Fokus-Spëtzekandidat Frank Engel ka sech virstelle mam Roy Reding senger Beweegung Liberté-Fräiheet zesummen ze schaffen, wa béid Gruppéierunge géifen an d’Chamber gewielt ginn. Dat sot de Spëtzekandidat vu Fokus hei op der Antenn.

Grouss politesch Ënnerscheeder

De Roy Reding als Kandidat fir Fokus opzestelle wär awer net a Fro komm, well déi politesch Ënnerscheeder dofir ze grouss sinn, esou de Frank Engel:

"De Roy Reding huet eigentlech eng libertär Beweegung an d’Liewe geruff. An ech si kee Libertären. A Fokus ass och keng libertär Veranstaltung."

Dem stëmmt de Roy Reding och zou. Weider erkläert de Frank Engel, datt béide Politiker hir Liewensastellunge ganz anerer wieren an op Dauer net beienee géife passen.

Net méi Presenz an der Chamber

De Spëtzekandidat vu Liberté-Fräiheet huet net wëlles méi Presenz an der Chamber ze weisen, wann hien nach eng Kéier géif an d’Parlament gewielt ginn. An de leschte Jore war de Roy Reding den Deputéierten, dee bei Wäitem am heefegste bei Chambersetzunge gefeelt huet.

E Grond fir eppes drun ze ännere géif hie net gesinn, esou de fréieren ADR-Deputéierten. 

"Meng Aktivitéite sinn nach ëmmer déi, déi se sinn. Ech sinn nach ëmmer den, dee schreift an dee virbereet. Ech hunn och ganz vill berufflech Aktivitéite – wat fir mech e Plus ass, well doduerch weess een, wou d’Problemer sinn."

"Ech si kee Blummendëppen"

Hie fënnt net, datt en an der Chamber misst setzen, wann eppes debattéiert gëtt, wat net säi Projet ass oder wou hien net an der Kommissioun war. "Ech gi kee Blummendëppen, an ech gi kee Jetonsjeeër. Dat war ech ni, an dat ginn ech ni” betount de Roy Reding.

Op eventuell Parallellen ugeschwat, déi tëscht dem Roy Reding an dem Donald Trump gezu ginn, seet de Roy Reding datt hie versteet, firwat dee Verglach gemaach gëtt. Och den Ex-US-President hätt libertär Usätz, den Ex-US-President hätt awer och “nach ganz aner Usiichten”.

Chamberwalen 2023
Logement
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Noriichten