Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräie Mikro: Déi historesch Roll vun US-Presidenten

Meenung

Fräie Mikro: Déi historesch Roll vun US-Presidenten

2024 ass weltwäit e wichtegt Waljoer. Net nëmmen an der EU, awer och an Indien, a verschiddenen afrikanesche Länner a virun allem an den USA fanne Wale statt, déi e groussen Afloss an Europa an am Mëttleren Oste wäerten hunn. D‘Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet am Fräie Mikro op d’Roll vu verschiddenen US-Presidenten am Noen Osten an.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Virun e puer Woche sot den Europa-Deputéierte Charel Goerens an enger Usprooch an Neimënster, déi wichtegst Walen dëst Joer géifen net an Indien ofgehale ginn, wou am Fréijoer iwwert eng Milliard Leit wiele ginn, mee am November an den USA. D’Amerikaner wielen zwar hire President, awer mat där Persoun ierft déi ganz Welt eng Politik, déi se zu déifst beaflosst. Am Kader vun dem Krich tëschent Israel an der Hamas, deen an der Tëschenzäit och op aner Gebitter iwwergegraff huet, ass et net oninteressant, den Afloss vun den amerikanesche Presidenten op d’No-Ost-Politik ënnert d’Lupp ze huelen.

Camp David (1978) an Oslo (1993)

1978 geléngt et dem Demokrat Jimmy Carter duerch d’Ofkomme vu Camp David Ägypten dozou ze bréngen, Israel unzëerkennen. 1993 bréngt säi Parteikolleeg Bill Clinton et fäerdeg, duerch d‘Oslo-Accorden Israel an d’PLO un een Dësch ze bréngen. Duerch dës Ofkomme gëtt eppes an d’Liewe geruff, wat haut méi wäit ewech schéngt wéi jee: d‘Gaza-Sträif an d’Westbank kommen ënnert autonom palestinensesch Verwaltung mat demokratesche Walen an d’israeelesch Arméi zitt sech aus ronn 450 Uertschaften zeréck. Zwee Joer duerno, de 4. November 1995, bezilt den israeelesche Premier Minister Yitzhak Rabin dës Ouverture mat sengem Liewen, wéi och schonn 1981 den ägyptesche President Anouar el Sadate erschoss gouf, ënner anerem well en Israel d’Hand gereecht hat.

D’Abraham-Ofkommes (2020)

2020 huet de President Trump déi souwisou scho prekär Situatioun vun de Palestinenser nach verschlëmmert, wéi hien e Friddensvertrag tëschent Israel an de Vereenegten Arabeschen Emirater méiglech gemaach huet, deen op Bahrain, Marokko an de Sudan ausgedeent gëtt. Dëst Ofkommes dréit den Numm vum Abraham, dem gemeinsame Stammvater vun de Chrëschten, de Judden an de Moslemen. Awer net vun alle Moslem, well an deem Accord ginn d’Palestinenser net mol ernimmt. Mat Hëllef vun den USA geléngt et Israel, wichteg diplomatesch, militäresch a wirtschaftlech Relatioune mat fréiere Feindstaaten ze knëppen. Duech dës Allianz vu sunnitesche Staaten erreecht d’Regierung Netanyahu, den Haaptsponsor vun der Hamas, de schiiteschen Iran, ze isoléieren.

D’Biden-Veruerdnung géint israeelesch Siidler (2024)

Verglach mat esou geopolitesch fundamentalen Allianzen ass dem President Biden säi Bilan éischter dënn. Den 1. Februar dëst Joer huet hien en executive order géint véier (!) gewalttäteg jüddesch Siidler an de besate Gebitter proklaméiert. Dat ass en Zeechen – wann och e schwaacht – dass d’israeelesch Siidlungspolitik zu Washington net méi dee Fräifaartsschäin huet, op deen et sech esou laang konnt verloossen. Oder geet et eventuell ëm d’Stëmme vun den Amerikaner mat arabesche Wuerzelen?

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.