Radioen

On air

Notturno  |  Yellow Magic Orchestra - Behind The Mask

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stress mat der Onverbindlechkeet

Fräie Mikro

Stress mat der Onverbindlechkeet

Ganz onverbindlech soen eis Jonk bei all Event zou, loosse sech all Optiounen op - a kommen um Enn awer net. Dat mécht net just Organisateure Stress, dat stresst och déi Jonk selwer, seet d’Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
D’Judith Reicherzer ass fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. (Foto: Archiv)

Elo ass eng Zäit vun den Eventer, Participante gi gesicht fir Concoursen, Concerten, Soiréeën a Fuesbaler. Am Februar ass d’Offer extra grouss, an eis Jonk liken alles, sammelen ee Rendez-vous no dem aneren an decidéieren eréischt am leschte Moment, wat wierklech leeft.

Si wëllen näischt verpassen a perséinlech de perfekten Owend erliewen, dofir mëlle si sech iwwerall un a fille sech zu näischt verflicht. Net just zu Lëtzebuerg, och international beschreiwe Fuerscher déi jonk Generatioun als maximal onverbindlech.

"Jo" oder "Jo, vläicht"?

Mat der Anonymitéit vum Handy ass et ganz einfach, Onverbindlechkeet ze liewen, net just fir déi Jonk. Vill Dokteren, Coiffeuren a Restauranten verlaangen entretemps Sue fir een “no show”. Och am Beruff kann Onverbindlechkeet deier ginn. Mee privat sichen Erwuessener, analog gepräägt Mënschen, awer nach no enger Excuse, wa si keng Loscht hunn op een Event.

Vill digital Natives gesinn dat ganz anescht. Ee “Jo” ass fir si just ee “jo, vläicht”, an hir Kolleege verstinn dat och esou. Et ass een zwar getouft, wann ee selwer ee Kuerf kritt, mee no bausse bléift ee cool. “Jo, vläicht” ass d’Attitude vun enger ganzer Generatioun. Et léist all Optiounen op, klengt no Fräiheet fir den Ego, mee dat ass et net ëmmer.

Vill Choixen a vill Informatioun

Vill Jonker leiden éischter dorunner. Si di sech nämlech ganz schwéier domadder, definitiv Entscheedungen zu treffen. Si hunn immens vill Choixen op, kréien iwwer déi Sozial Medie vill ze vill Informatiounen a hu keng Zäit, fir a Rou ze decidéieren.

Och de permanente Verglach mat aner op Instagram oder YouTube setzt si ferm ënner Drock. Déi aner si méi schéin, méi witzeg, liewen dat perfekte Liewen. Si selwer fille sech do immens onsécher. Si huelen eng Decisioun, stellen de Choix rëm a Fro, kämpfe mat sech bis op den allerleschte Stëppel.

Onverbindlechkeet ass super Stress. Fir déi Jonk selwer, an och fir déi, déi eppes organiséieren. Och an der Schoul. De Sujet vum Referat, d’Wiel vun der Sektioun oder d’Decisioun fir e Studium: vill Schülerinnen a Schüler kënne sech einfach net entscheeden, diskutéieren all Deadline an dreiwen d’Enseignantë mat hirer Onverbindlechkeet an d’Verzweiflung.

Méi Medientraining an de Schoulen

Mee vill vun hinne gesinn de Problem dohanner a versichen, deene Jonke systematesch ze hëllefen. D'Schoulen intensivéieren de Medientraining, offréiere Methode fir ee Choix ze maachen, a bidde perséinlech Berodung. D’Enseignantë gi méi streng Spillreegelen, pochen op Terminer, erkläre Konsequenzen, a verlaange Respekt.

Déi meescht Schülerinnen a Schüler verstinn dat och. “Hat keng Zäit, hu vergiess, deet mir wierklech Leed, Madame ...” Si entschëllege sech perséinlech a ganz manéierlech - dono. A si bleiwen dobäi awer ganz onverbindlech. 

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.