Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Tim Hill - Payador

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gefore vun TikTok: Magersucht idealiséieren 

SkinnyTok

Gefore vun TikTok: Magersucht idealiséieren 

Déi belsch Regierung huet d’EU-Kommissioun op d’Geforen higewisen, déi vu Videoen op TikTok ausginn, wou eng extrem Magersucht idealiséiert gëtt. D‘Mesuren déi Tiktok bis elo ënnerhëlt, géifen net wäit genuch goen, esou d‘Kritik vun de belscher Digitaliséierungsministesch, déi vun engem „grousse Risiko“ fir d’mental a kierperlech Gesondheet vu jonke Meedercher schwätzt. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka)

D’Belsch zitt domat nom Beispill vu Länner wéi Frankräich, déi méi Drock op digital Plattformen ausübe wëllen, fir datt dës sech un d’EU-Reglementer halen – besonnesch un den Digital Service Act, deen zënter Februar 2024 gëllt.