Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Genuch Zensur am ACEL-Lidderbuch?

Rassismus, Sexismus a Vergewaltegung

Genuch Zensur am ACEL-Lidderbuch?

Am Dezember 2021 hat d’Wochenzeitung woxx gemellt, datt et Problemer mat Lidder gëtt, déi am Lidderbuch 2020 vun der ACEL waren. Dora géif et ëm Rassismus, Sexismus a Vergewaltegung goen. D’Associatioun vun de Studentencercelen hat deemools zouginn, datt do e Problem wier. D’Iwwerschaffe vum Buch huet awer gedauert.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Elo, knapp zwee an en halleft Joer méi spéit, ass dee Prozess hallefhäerzeg ofgeschloss. “Mir hunn e puer Lidder erausgeholl an der e puer geschwäerzt.”, sot den ACEL-President Kimon Leners am 100,7-Interview. 

Ënnerstëtzte Bicher vum Kulturministère als Virbild

Mat där Upassung géif een der Zäit méi gerecht ginn, seet de Kimon Leners. D’ACEL hätt sech relativ laang heimat ameséiert, souwuel technesch wéi inhaltlech. Et hätt een, wat de Contenu ugeet, gekuckt, fir net eleng do ze stoen, spréch ob verschidde Lidder zub Beispill och an anere Bicher virkommen.

“Do sinn och Bicher erauskomm, an Zesummenaarbecht mam Kulturministère, wou mir halt ebe gekuckt hunn, ob mir eis eens gi si mam Text, dee mir géifen eraussichen, an do si mir awer relativ genau op där nämmlechter Spuer wéi zum Beispill e Buch, wat vum Kulturministère ënnerstëtzt ginn ass.”

Et wieren eng Partie Texter geläscht ginn, woubäi de Kimon Leners eng genee Zuel net nenne konnt. Et wier och net konkret ze soen, wéi eng Texter verännert goufen. Fir den ACEL-President sollt d’Lidderbuch elo gutt sinn, woubäi een natierlech keng juristesch Garantie dofir hätt, datt alles an der Rei wier. Am September op der REEL géif wuel dat ganzt Buch duerchgesonge ginn, ...

“... a sollt sech do erausstellen, datt mir och nëmmen ee Wuert hunn, dat awer duerch d’Lappe gaangen ass, da géife mir dat natierlech och corrigéieren.”

Iwwregens wieren och Ännerunge méiglech, sollt sech eng Persoun mat enger Doleance bei der ACEL mellen zum Lidderbuch, dat schonn online ass.

ACEL: Lidderbuch eng "eenzegaarteg" Aarbecht

Op d’Fro hin, ob dat Ganzt a sengen Aen ze vill der Kritik oder awer ze verstoe wier, huet de Kimon Leners betount, just a sengem Numm ze schwätzen: Deelweis wier him ze vill Gedäisch gemaach ginn an net genuch Ënnerstëtzung komm. Et hätt ee sech op dat Buch alignéiert, dat an Ënnerstëtzung mam Kulturministère erauskoum. Dat wier zum Beispill nach net analyséiert a kritiséiert ginn. Den ACEL-President stellt sech och d’Fro, ob Lidder ze vill zenséiert goufen.

“Ech mengen, mir kennen och all nach e gewëssent Lidd vu Liichtmëssdag: Dat Lidd, dat huet mengen ech nach net sou e grousse Revival gehat, wéi déi ganz Lidderbuch-App.”

D’Aarbecht, déi d’ACEL mat deem Lidderbuch mécht, wier eenzegaarteg zu Lëtzebuerg, a sou séier géif keen hir dat nomaachen, sou nach de Kimon Leners.

Et sief ze bemierken, datt am Lidderbuch zwar bei “De Jangeli” wuel e rassistesche Passage gestrach ass, bei “An engem Puff zu Zolwer” dogéint weider de Passage iwwer eng Vergewaltegung ze fannen ass.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft