Radioen

On air

Notturno  |  Eric Legnini Trio - Trippin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WHO: Leschte Versuch fir e Pandemie-Accord

Weltgesondheetsorganisatioun

WHO: Leschte Versuch fir e Pandemie-Accord

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun ass haut e leschte Versuch, sech iwwer deen neie Pandemie-Accord eens ze ginn. U sech sollt den Accord schonn an dréchenen Dicher sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach

Déi 194 Memberlänner goufen sech bei der leschter Verhandlungsronn virun Ouschteren net eens. De Pandemie-Accord soll derfir suergen, datt d‘Welt besser op eventuell zukünfteg Pandemië virbereet ass.

Um geplangten Accord gouf et am Virfeld scho vill Kriticke vu Gruppen a Juristen, déi och scho kritesch géigeniwwer de Mesuren an der Pandemie waren.

Ënnert de Kriticken ass, datt d‘Weltgesondheetsorganisatioun mat dem Accord ze vill Muecht géif kréien.