Radioen

On air

De Weekend  |  Thandii - It Only Takes 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn d’Kanner haut iwwerdiagnostizéiert?

Den Hallwer Néng

Ginn d’Kanner haut iwwerdiagnostizéiert?

Gi Kanner hautdesdaags iwwerdiagnostizéiert? Jo, mengt den Dr. Fernand Pauly, deen op déi kierperlech a geeschteg Entwécklung vu Kanner spezialiséiert ass. Et géinge Problemer erfonnt ginn, wou keng wieren, esou de Kannerdokter. Mee och d’Elteren hunn eng Responsabilitéit.

auto_stories

6 min

headphones

21 min

play_arrow
Den Dr. Fernand Pauly. (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi Diddelenger Kannerdoktesch Michèle Kayser-Wengler hat ufanks Januar mat engem Post op Facebook vill Opmierksamkeet kritt. En Gros beschreift Si, datt et engem virkënnt, wéi wann an der Schoul all Kand d’selwecht gutt misst sinn. Individuell Talenter géingen net méi gelueft oder gefërdert ginn. Da géingen d’Kanner traureg ginn, well si mengen, deen niewendrun kéint eppes besser wéi si.

D'Ausso vun der Michèle Kayser-Wengler play_arrow

 

Iwwerdiagnostik: Verschidden Acteure spillen eng Roll

Den Dr. Pauly deelt dës Analys. Et sinn awer verschidden Acteuren an dee Prozess vun der Iwwerdiagnostik dra verwéckelt. Kuerz no der Gebuert gëtt zum Beispill gesot, datt de Kapp vum Kand net ronn genuch wier, oder Gelenker ginn direkt agerénkt. All dat wier immens geféierlech fir dat positiivt Gefill vun den Elteren. Déi géingen da mengen, si missten direkt bei de Spezialist goen, esou den Dr. Pauly.

Dobäi sinn an de leschte Joren awer och Fortschrëtter gemaach ginn, betount de Kannerdokter. Et ginn net méi sou vill Kanner un de Mandelen operéiert an et gi manner Einlage fir d’Schung verschriwwen, fir just zwee Beispiller ze nennen.

Kanner dierfen net “normaliséiert ginn”

Den Dr. Pauly stéiert sech awer dorunner, datt probéiert gëtt, d’Kanner ze “normaliséieren”, spréch se un eng Norm unzepassen. Et géing sech ze vill u Moyenne gehal ginn. De Problem ass dann, datt wann een net an der Moyenne läit, een d’Gefill kritt, d’Kand wier an eppes ze schlecht, oder net gesond. Een NBA-Spiller läit och net an der Moyenne, ass awer kärgesond, esou den Dr. Pauly.

Ee konkret Beispill ass den Alter vum Kand mat deem et ufänkt, goen ze kënnen. An der Moyenne läit dësen Alter bäi 13,7 Méint. Mee wéi vill Zäit däerf vergoen, iert ee muss ufänken, sech Suergen ze maachen? Déi Fro wier u sech falsch, erkläert de Kannerdokter. Et gi Kanner, déi réischt mat 20 Méint ginn. Mee wann ee bei de Kannerdokter geet, an dee stellt fest, datt d’Muskelen ausräichend entwéckelt sinn, an déi néideg Reflexer och all do sinn, da muss ee sech keng Suerge maachen. Wann ee Kand mat véier Méint nach net krabbelt, da ginn et rout Fändelen, déi dem Kannerdokter opfalen, an e mierkt, datt eppes net stëmmt.

Mee eng Moyenne muss net ëmmer schlecht sinn. Se kann och weisen, wéi ënnerschiddlech d’Mënsche sinn, seet den Dr. Pauly. Wann d’Elteren no der Gebuert vun hirem Kand ee klengt Bichelche kréien, an deem ënnerschiddlech Courben dra sti wat zum Beispill de Wuesstem ugeet, da mierkt een, wéi grouss déi Fourchette ass.

Fir den Dr. Fernand Pauly steet fest: wann d’Kand frou ass, mat anere Kanner spillt a gutt matschafft, dann ass scho villes gutt. A wann een no engem Joer zeréckkuckt an et kann ee soen, datt d’Kand an deem enge Joer eppes bäigeléiert huet, dann ass dat och positiv.

D’Gefor vu Social Media an online Diagnosen

D’Konscht ass et, dem Kannerdokter no, sech genuch Zäit fir eng Diagnos ze loossen. An do hëlt hien och d’Elteren an d’Flicht. Déi loosse sech dacks iwwer Social Media Problemer arieden a kréien Angscht gemaach. De Problem ass deen: et ginn net vill Kannerdokter am Land. Deementspriechend kënne si sech net ëmmer vill Zäit fir d’Eltere mat hire Kanner huelen. Eng Persoun, déi online Saachen zu deem Theema posten oder beschwätzen, dann hëlt dat vill méi Zäit am Alldag vun den Elteren an. Si fänken un, deene méi ze gleewe wéi de Kannerdokteren, mengt den Dr. Pauly.

Ee weider Problem ass deen, datt et keng Reassurance vun enger multigenerationneller Gesellschaft méi gëtt. Den Dr. Fernand Pauly gëtt d’Beispill vun den auslännesche Matbierger. Déi sinn dacks ouni Famill an d’Land komm a kënne sech da kee rot innerhalb vun der Famill huelen. Dat selwecht geschitt op den Dierfer, wou ee sech fréier nach besser kannt huet wéi hautzudaags. Wat also feelt ass zum Beispill eng Ausso à la: “Dato ass net schlëmm, dat hat mäi Kand och.” Oder: “Mäi Kand huet dat och ëmmer gemaach an et war net schlëmm.” Ënnert anerem sinn et esou Aussoen, déi duerch Social-Media-Diagnosen ersat gi sinn.

Wann ee mengt, d’Kanner hätten hautdesdaags méi Problemer an der Entwécklung wéi fréier, dann hänkt dat natierlech och domadder zesummen, datt méi getest gëtt. Den Dr. Pauly ass der Meenung, datt eng Rei “Stempelen” erfonnt gi sinn, fir ze stigmatiséieren, mee rare genau zoutreffen: Dysoralitéit zum Beispill, wann d’Kanner also eppes net iessen. An der haiteger Zäit géing alles verdéift, problematiséiert an iwwerdramatiséiert ginn, mengt de Kannerdokter.

D’Kommunikatioun mam Kand ass essenziell

Suerge mécht eisem Invité am Hallwer Néng awer virun allem ee Mangel u Kommunikatioun tëschent den Elteren an hire Kanner. Hie gesäit Kanner mam Tablet a sengem Wartesall sëtzen, an niewendrun d’Elteren um Handy. Et géing net méi genuch matenee geschwat ginn. A Weekends  sinn d’Elteren och dacks just Taxi fir d’Kanner. Den Dr. Fernand Pauly stéiert sech dorun, datt d’Kanner dacks just vun enger Plaz op déi nächst “deposéiert” ginn: Moies an d’Schoul, dono an d’Maison Relais, a wann d’Kand da bis owes doheem ass, da solle wa méiglech all d’Problemer geléist sinn. Och wann dëse System vun der Ganzdagsbetreiung als sozial Mesure ka gesi ginn – an dat streit den Dr. Pauly och net of – geet wäertvoll Zäit mam Kand verluer.

Mee et ass och d’Kommunikatioun tëscht den eenzele Strukturen, déi sech ëm d’Kand bekëmmere falls wierklech Problemer do sinn, déi ausbaufäeg ass, mengt de Kannerdokter. D’Kanner ginn an der Grondschoul well en charge geholl. Duerno ginn et regional an national Strukturen, déi sech ëm verschidde Fäll bekëmmere kënnen. Et ginn also vill verschidde Leit, déi verschidde Bilanen zu de Kanner maachen, déi den Elteren awer beispillsweis net gutt genuch erkläert ginn, mengt den Dr. Fernand Pauly.

Ënnert dem Stréch ass de Message kloer: D’Eltere sollen net ze séier panikéieren. Natierlech ginn et Problemer, déi d’Kand kann hunn. Mee et soll nees méi op Vertraue gesat ginn: Der Bomi vertrauen, den Noperen, der Léierin – a virun allem – dem gesonde Mënscheverstand.

Lauschterenplay_arrow