Radioen

On air

De Weekend  |  D'Peace-Zeechen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir den Hëllefspak fir de Logement an de Bausecteur

Chamber

Gréng Luucht fir den Hëllefspak fir de Logement an de Bausecteur

Den Hëllefspak fir de Logement a Bausecteur gouf gëschter mat de Stëmme vun der Majoritéit, der ADR an de Piraten an der Chamber ugeholl. LSAP, déi Lénk an déi gréng waren dogéint. Si hunn och konkret Kritik um Hëllefspak geüübt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Déi steierlech Avantagë fir Investisseuren, déi nei Projete kafen, gi fir eng Iwwergangsperiod bis Enn dës Joers verstäerkt. Wann een dëst Joer an nei Locatiounswunnengen investéiert, da kann ee vum neie Steierkredit an Héicht vun 20.000 Euro profitéieren. D’Immobilie muss wärend op d'mannst zwee Joer verlount ginn.

De Bëllegen Akt fir de Kaf vum Eegenheem klëmmt bis op 40.000 Euro. Déi Moossnam gëllt da just bis Enn dës Joers.

Maximalen Abattement vun 250.000 Euro

Eng Baisse gëtt et bei der Besteierung vun der Plus-value beim Verkaf vun enger Immobilie, wann den Akt beim Notaire bis Enn dës Joers gemaach gëtt. Och den Amortissement gëtt eropgesat. Den Abattement läit da bei maximal 250.000 Euro.

De gréngen Deputéierte François Bausch sot zum Amortissement accéléré awer, datt hie Bedenken hätt, ob dës Mesure eppes brénge géing. Hien huet och drop opmierksam gemaach, datt wärend der leschter Legislaturperiod d'CSV als Oppositioun fir d'Ofschafe vum Amortissement accéléré war.

Persounen, déi hir Wunneng an d’Gestion locative social ginn, kréien ee Steieravantage vun 90 Prozent amplaz vu 75 Prozent ewéi bis elo.

De Spekulatiounsbenefice gëllt lo fir 5 Joer

Manner gënschteg Konditioune beim Verkaf vu Wunnenge ginn et awer, wann ee vum nächste Joer un eng Wunneng verkeeft, déi een zanter manner ewéi 5 Joer hat. Deen Ament gëtt et als Spekulatiounsbenefice betruecht. Bis elo waren et zwee Joer.

Nieft de Steieravantagë ginn et dann och eng Rei Moossname fir de Stéit ze hëllefen, eng Wunneng ze kafen. D'Stéit kréie bei der Sich oder beim Kaf vun enger Wunneng ee besseren Zougang zu staatlechen Hëllefen. Den Akommesplaffong gëtt eropgesat fir verschidden Hëllefen, a bei der Subvention loyer gëtt et och eng Erhéijung, wa Kanner am Stot sinn.

LSAP: Investisseure kréie méi gehollef

Mee et géif ee groussen Desequiliber an deem Logementspak ginn, deen net ganz generéis wier mat de Stéit, kritiséiert d’Paulette Lenert vun der LSAP. Sou géif d'Erhéijung vun der Subvention loyer am Endeffekt net vill ausmaachen. D'Haaptkritik ass déi, datt Investisseure bei de Mesurë vill besser dervu kommen, a méi aspuere kënnen.

De Staat misst méi proaktiv ginn an abordabele Wunnraum schaffen, sou den Deputéierte vun déi Lénk, den David Wagner. Hie proposéiert beispillsweis d’Schafe vun enger Staatlecher Baugesellschaft.

D’LSAP, déi gréng an déi Lénk hu géint de Logementspak gestëmmt, well et an hiren Ae keng reell Strategie gëtt fir déi abordabel Wunnengen ze fërderen.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Logement
Politik
Wirtschaft