Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  In dieser Stadt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Neie Schwong fir de Wunnengsbau"

Logement

"Neie Schwong fir de Wunnengsbau"

De Premier, de Finanz- an de Logementsminister hu Mesurë presentéiert, fir d'Nout um Wunnengsmaart méi kleng ze kréien. Et goufe steierlech Moossname virgestallt , déi de Privatleit an dem Bausecteur sollen zegutt kommen. Den Eric Ewald huet d'Moossname fir eis resuméiert.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Claude Meisch Luc Frieden Gilles Roth | © SIP / Emmanuel Claude play_arrow
V.l.n.r.: Claude Meisch (DP), Luc Frieden a Gilles Roth (alle béid CSV). (Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Steierlech Mesurë fir dëst Joer, déi réckwierkend op den 1. Januar gëllen, därer, déi net limitéiert sinn an der Zäit, an aner Moossname fir Privatleit an de Bausecteur: De Finanzminister Gilles Roth an de Logementsminister Claude Meisch sinn, zesumme mam Premier Luc Frieden, gëschter Mëtte mat deem décke Pak virun d’Press getrueden.

“Neie Schwong fir de Wunningsbau” waren d’Mesuren iwwerschriwwen, déi déi 3 Politiker nom Ministerrot virgestallt hunn. Mee wat ass dovun zeréckzebehalen?

Gilles Roth: Breet gefächerte Pak

Insgesamt ginn et fënnef Moossnamen, déi direkt dëst Joer spillen: De bëllegen Akt um Eegenheem gëtt erhéicht, e bëllegen Akt fir Locatiounswunnengen agefouert, d’Besteierung op der Plus-value beim Verkaf erofgesat, den Amortissement accéléré an d’Dauer vun der Amortissementsperiod erhéicht, an et kënnt net zu enger Plus value-Besteierung, wann eng Wunneng der Gestion locative sociale zur Verfügung gestallt gëtt oder bei der Energieklass A+. De Gilles Roth huet dann och vun engem breet gefächerte Pak geschwat:

"Et ass e Pak, fir d’Bierger beim Kaf vun engem Eegenheem ze ënnerstëtzen. Et ass e Pak, fir de soziale Wunnengsbau ze fërderen. Et ass e Pak, fir den Invest an der Locatioun méi interessant ze maachen, an et ass och e Pak, fir de Maart insgesamt, an domat och d’Aktivitéit ronderëm déi bestehend Wunningen, unzedreiwen.”

Wat déi méi strukturell Mesuren ugeet, ginn dem Finanzminister no d’Plaffonge vun den ofsetzbare Scholdzënsen erhéicht, gëtt et eng steierlech Vergënschtegung beim Zouféiere vu Wunnengen zur Gestion locative sociale, eng Steierbefreiung och op Wunnenge vum Fonds du Logement an eng Wunnprimm fir jonk Beruffsufänger.

Prozedure solle vereinfacht ginn

Nom Gilles Roth war et um Tour vum Claude Meisch, fir nach weider Mesurë fir Privatleit ze annoncéieren, déi d’Loyers- an d’Zënssubventiounen, d’Accessiounsprimmen an d’Garantie vum Staat betreffen.

“Mir hunn haut de Moien decidéiert, dass mir eng zousätzlech Enveloppe fir déi nächst Joren an Héicht vu 480 Millioune wäerten zur Verfügung stellen, fir dann eng ronn 800 Wunnengen iwwert deen dote Wee kënne bauen ze loossen, ze kafen an an de Parc locatif vum Staat kënnen ze iwwerhuelen. 480 Milliounen, déi nach eng Kéier dobäikomme bei déi Efforten, déi virdrun am Pluriannuell scho geplangt ware vun 923 Milliounen iwwert déi nächst véier Joer.”

Iwwert d’Verlängeren a Verstäerke vum Kaf vu Wunnengen duerch de Staat an den héijen Niveau vun Invest an erschwéngleche Wunnraum eraus sollt awer och nach gekuckt ginn, fir d’Prozeduren ze vereinfachen, huet de Logementsminister betount. Och waren et d’Aussoen, datt d’Spekulatiounssteier am Regierungsprogramm virgesi wier, datt d’Baue sollt an Aklang bruecht gi mam Liewen an datt et net d’Politik vun der Regierung wier, datt Leit d’Land verloossen.

Ënnert dem Stréch: vill Annoncen, déi um Pabeier gutt kléngen a vun deenen een, virum Hannergrond vun der ganz ugespaanter Situatioun um Wunnengsmaart, nëmmen hoffe kann, datt se gräifen. Mee, et ass wéi sou dacks: Weise gëllt!

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik
Wirtschaft