Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
search

/ Groussbritannie wëll d’Awanderung weider limitéieren

Immigratiouns-Politik

Groussbritannie wëll d’Awanderung weider limitéieren

Déi brittesch Regierung huet gëschter um Méindeg hir Pläng zum Theema Immigratioun virgestallt. Den Zuele vum leschte Joer no sinn 2024 méi wéi 700.000 Auslänner agewandert. Am Verglach mam Joer 2023 sinn dat awer bal 200.000 Leit manner. Trotzdeem bléift d’Thematik ronderëm d’Awanderung e wichtege Sträitpunkt an der brittescher Politik.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

De Keir Starmer annoncéiert méi streng Migratiounsregelen | © picture alliance / Photoshot | - play_arrow
De Keir Starmer annoncéiert méi streng Migratiounsregelen (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Bei de Lokalwalen a Groussbritannien huet déi riets-populistesch Partei Reform UK vill Stëmme kritt. Mat hirer Positioun géint d’Immigratioun schénge si op Zoustëmmung am Land ze stoussen, virun allem an de ländleche Regiounen.

Ongeféier zwou Woche méi spéit publizéiert d’Labour Partei vum englesche Premierminister Kier Starmer hir Pläng fir d’Immigratioun a Groussbritannien ze reduzéieren. Et wéilt een esou de Bierger:innen, hëllefen, an deem een d’Entreprisen dozou motivéiert, manner Recrutement am Ausland ze bedreiwen, begrënnt d’Partei.

Manner auslännesch Studenten op den Universitéiten

Den neie “white paper”* riicht sech gréisstendeels un Entreprisen, fir d’Problematik vun der Immigratioun unzegoen. Esou soll et den Entreprisen an Zukunft méi schwéier gemaach ginn, Leit am Ausland ze rekrutéieren. Och wëll een de Mindestloun an esou Fäll erhéijen a gläichzäiteg och den Niveau vun de gefroten an noutwennege Kompetenze fir eng Aarbechtsplaz ze kréien, erweideren.

D’Universitéite sollen och manner Studenten aus dem Ausland akzeptéieren a kéinte souguer eng Tax fir all immatrikuléierte Student aus dem Ausland musse bezuelen. Den auslännesche Studente soll et och méi schwéier gemaach ginn, fir nom Studium a Groussbritannien Aarbecht ze fannen.

Allgemeng solle besser Kenntnisser vun der englescher Sprooch bei den Awander:innen erwaart gi fir e Visa ze kréien, an et muss een zukünfteg 10 amplaz vu 5 Joer um engleschen Territoire gelieft hunn, fir de permanente Residenz-Status accordéiert ze kréien.

Entreprisë si besuergt

Mat all deene Moossname versprécht sech déi brittesch Regierung eng Baisse vun Awanderungs-Zuelen, an dat och ouni e Plaffong fir d’Immigratioun ze setzen. Dës Absence vun engem Plaffong gëtt awer vum Nigel Farage, dem Parteichef vu Reform UK, staark kritiséiert, ënner anerem well d’Pläng vun der englescher Regierung déi irregulär Migratioun guer net betreffen.

Bei de Lokalwalen ufanks Mee war et virun allem déi Form vun Awanderung, déi vill Wieler:inne beschäftegt huet. Gläichzäiteg wieren awer och eng Rei Entreprisë besuergt iwwer déi nei Immigratiounsapproche vu Groussbritannien, well et scho virun deenen neie Moossnamen e Manktem un Aarbechtskraaft a verschiddene Secteuren am Land géif ginn.

* “White papers” si politesch Dokumenter, déi vun der Regierung verfaasst ginn an an deene si hir Virschléi fir zukünfteg Gesetzesgebung virstellt. “White papers” kënnen een Entworf vun engem Gesetzesprojet enthalen, dee geplangt ass. 

Lauschterenplay_arrow