Radioen

On air

Notturno  |  Sam Amidon - Pretty Polly

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerg op der 11. Plaz wat d'Pressefräiheet ugeet

Internationalen Dag vun der Pressefräiheet

Lëtzebuerg op der 11. Plaz wat d'Pressefräiheet ugeet

Lëtzebuerg läit am Ranking 2024 vun der Pressefräiheet vu “Reporters sans frontières” op der 11. Plaz. D’Suerge vun der Press hei am Land sinn anerer déi, déi et och a villen anere Länner vun der Welt ginn. An awer ginn et Iwwerschneidungen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: siam.pukkato

Lëtzebuerg ass 9 Plazen eropgeklommen am Ranking vu Reporters sans frontièrs. Zejoert hat sech de Grand-Duché op der 20. Plaz klasséiert. Déi 1. Plaz ass, fir d’8. Joer noeneen, fir Norwegen. Op der leschter, der 180. Plaz, läit Eritrea.

Menace géint d‘Press huet zougeholl

D’Theema Gewalt géint d’Press dierft een och zu Lëtzebuerg net aus den Ae verléieren, seet de Generalsekretär vum Conseil de Presse. An der Pandemie wieren Adresse vu Journaliste virugi ginn, hieft de Roger Infalt ervir. Elo géif et een anert, méi perfid Virgoe ginn.

„Wou Leit an d’Redaktiounen uruffen a soen: Wann Dir dat doten elo net zeréckhuelt, da wäert Der mol gesinn, wat Iech geschitt. Et sinn déi Versich, déi gouf et viru ville Joren net“

Och bäigeholl hunn d'Menacen an de soziale Medien. Do kënnt an de Kommentaren dacks de Virworf vu Lügenpresse, déi net méi d‘Wourecht seet a vum Staat bezuelt géif gi fir ze léien.

Pressezougangsrecht bleift eng Haaptfuerderung

Deemno géif et eng gewëss Gewalt ginn, déi awer net ze vergläiche wier mat där an anere Länner, an deene Journalisten ëmbruecht ginn, sou de Presserot-Generalsekretär.

“Reporters sans frontières” hätt sech fir de Ranking ze erstellen hei am Land ëmfrot a wier dunn op de Problem vum Informatiounszougang higewise ginn. Op Nofroe bei Verwaltungen a Ministèrë géif d’Press seele bis guer net dat gewuer ginn, wat se un Informatioune bräicht, fir hir Aarbecht éierbar ze maachen.

Um Ufank vum Joer hat een eng Entrevue mam zoustännege Minister Luc Frieden. Dobäi gouf eng laangjäreg Fuerderung widderholl.

„Et muss ee jo elo soen, datt mir zanter 2007 soueren, fir dat Pressezougangsrecht do ze kréien, fir d’Journalisten, wat mir deemools och versprach kritt haten.“

Text soll bis Summer virgeluecht ginn

Op der Neijoerschreceptioun vum Premier wier een dunn erstaunt gewiescht, wéi de Luc Frieden sot, bis Summer een Text wëlle virzeleeën, duerch deen den Informatiounszougang um Enn an d’Pressegesetz afléisse géif.

Dofir dierft wuel um Text vum Conseil de Presse a vun der Journalistenassociatioun aus dem Joer 2019 geschafft ginn, deen zesumme mat engem Jurist ausgeschafft gi war. Dem Roger Infalt no dierften dës Gremien dann och geruff ginn, fir d’Diskussioune weiderzeféieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft