Radioen

On air

Soundcheck  |  Adrienne Lenker live zu New York, Anna B Savage am Roxy zu Prag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plazmangel: D’Ecole nationale pour adultes huet Schüler misse refuséieren

Ecole nationale pour adultes

Plazmangel: D’Ecole nationale pour adultes huet Schüler misse refuséieren

D’Ecole nationale pour adultes ass am Moment ze kleng. Dat seet déi nei Direktesch vun der ENAD am 100,7-Interview. D’lescht Rentrée hätten eng Rei Schüler misse refuséiert ginn, well et net genuch Plazen an de Klassesäll gouf.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Melanie Noesen | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Melanie Noesen ass Direktesch vun der ENAD. (Foto: Jo Diseviscourt)

Wéi vill Schüler betraff ware konnt d’Melanie Noesen net genee soen. Si huet awer eng Gréisstenuerdnung genannt.

“Ech weess d’Zuel elo net onbedéngt auswenneg. Mee mir hätte ganz sécher nach eng dräi, véier oder fënnef Klasse gefëllt kritt.”

Fir déi nächst Rentrée kritt déi fréierer Ecole de la deuxième Chance dofir méi Klassesäll. Um Belval soll am September nämlech en neit Gebai vun der ENAD opgoen. An et géif och dono ausgesinn, datt dat mat Zäit fäerdeg gëtt, esou d’Melanie Noesen.

Schoulflicht vun 18 Joer: Wäerte méi Schüler kommen?

An zwee Joer gëtt d’Schoulflicht op 18 Joer eropgesat. Déi nei Direktesch vun der Ecole nationale pour adultes geet awer net dovun aus, datt dat grouss Auswierkungen op hir Schoul wäert hunn. D’Melanie Noesen seet, déi meescht Schüler géifen nämlech souwisou eréischt méi spéit an d’ENAD komme fir een Diplom nozehuelen. Si geet dofir net dovun aus, datt d’Demande duerch déi méi laang Schoulflicht erof geet.

“Am Moment kënnen eisem Gesetz no Jonker ab 16 Joer bei eis kommen. Tëschent 16 an 18 Joer fänken all Joer eng gutt 20 Schüler un. Zum Deel ginn déi dann och iwwer d’Joer 18 Joer al. Dat heescht: Déi meescht vun eisen Apprenanten hunn elo schonn iwwer 18 Joer.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft