Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Wolff: Zweifel un enger Steierreform an dëser Legislatur bleiwe bestoen

Staatsbeamtegewerkschaft CGFP

Romain Wolff: Zweifel un enger Steierreform an dëser Legislatur bleiwe bestoen

Eng Steierreform: direkt, an net eréischt 2026. Dat war eng vun de Fuerderungen, déi d’CGFP gëschter Owend op hirer Conférence des comités un déi nei Regierung gestallt huet. De CGFP President Romain Wolff huet am 100,7-Interview awer ugezweifelt, datt d‘CSV-DP-Regierung iwwerhaapt eng Steierreform wéilt duerchzéien.

auto_stories

4 min

headphones

14 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
De President vun der CGFP, Romain Wolff. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Staatsbeamtegewerkschaft CFGP erwaart sech vun der neier schwaarz-bloer Regierung, datt et séier zu enger Steierreform kënnt. Dat huet hire President, de Romain Wolff, am 100,7-Interview däitlech gemaach. Um Enn vun där Reform misst d’Steierlaascht nees gerecht 50-50 tëscht physesche Persounen an Entreprisen opgedeelt ginn, an net wéi haut an engem Verhältnis vu 75 zu 25. Eng séier Ëmsetzung wier och méiglech, mengt de Romain Wolff.

"Wéi oft ass sou eng Steierreform schonn ugekënnegt ginn? Ech ginn awer dovun aus, datt Viraarbechte geleescht gi sinn. A wann dat esou ass, da misst een dat jo iergendwou am Tirang hunn, an et hëlt een dat eraus."

D'Pandemie als Excuse zielt net méi

D'Fro ass natierlech, ob déi nei Regierung dat eent zu eent iwwerhuele well, wat eventuell preparéiert ginn ass. An effektiv gëtt de Romain Wolff zou, datt et ganz gutt kéint sinn, datt déi nei Regierung eng ganz aner Steierreform wéilt maachen. Et géing awer elo keng Excuse méi ginn, fir keng Steierreform ze maachen, esou de President vun der CGFP.

"Si kann op alle Fall dës Kéier keng maachen. D'Pandemie ass awer eriwwer. Et ass ëmmer gesot ginn: Wéinst Pandemie, a sou weider, a sou fort, geet dato alles net. An där Situatioun si mir net méi."

Da géing awer nach eng grouss Fro am Raum stoen, déi bis elo och nach net beäntwert gi wier, esou de Romain Wolff:

"Wëll dës Regierung iwwerhaapt an dëser Legislat sou eng Steierreform maachen? Wa si sech sou vill Zäit gëtt."

Op Nofro hi sot de Romain Wolff, datt hien effektiv ee klengen Zweifel dorunn hätt, datt et an dëser Legislaturperiod nach zu eng Reform wäert kommen.

Arméisgesetz: den Artikel 32 soll gestrach ginn

D’CGFP erwaart dann iwwerdeems, datt déi nei Regierung op eng Decisioun vun der aler Koalitioun zeréckkënnt, an den Artikel 32 aus dem Arméisgesetz ersatzlos sträicht: dat huet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft nach eemol däitlech gemaach.

Deen Artikel beschreift d’Bewäertung, déi driwwer entscheet, ob een Zaldot am Grad avancéiert oder net. Déi Appreciatioun wier ee Verstouss géint den Accord salarial, deen de Bewäertungssystem an der ganzer Fonction publique ofgeschaaft huet, seet de Romain Wolff. D’Tatsaach, datt d’Chamber d’Arméisreform ouni Géigestëmm bei just véier Enthalungen ugeholl hätt, géif do näischt drun änneren. Den Accord wier der CGFP no och méi wichteg, wéi ee Gesetz.

"Fir eis ass deen Accord do selbstverständlech ganz vill wäert, well firwat solle mir nach Accorden ënnerschreiwe wann herno dann awer gemaach gëtt, wéi ee wëllt. Dat kann et net ginn."

"Alles anescht wier Vertragsbroch"

Um Méindegowend op der CGFP hirer traditionneller Conférence des comités hat de Romain Wolff keen Zweifel dru gelooss, datt d'CGFP ganz kloer Erwaardungen huet, wat den Artikel 32 ugeet.

"Steet et engem Rechtsstaat gutt zu Gesiicht, wa sech déi politesch Decideuren net un déi Accorde halen, déi si selwer ënnerschriwwen hunn? Wann Politik nach sollt, wëllt seriö geholl ginn, dann ass dat, wat do geschitt ass, de genaue Géigendeel. Eis geet et ëm ee wichtegen, spezifesche Punkt aus dem Accord salarial, net méi an net manner. Eis geet et ëm de Prinzip. Ass dat esou schwéier ze verstoen? Am Sënn vun enger glafwierdeger Politik ass et fir eis eng Evidenz, datt den Artikel 32 aus dem Arméisgesetz elo ganz séier verschwënnt. Alles anescht wier Vertragsbroch."

Haut um Dënschdegmëtteg ass eng éischt Ronn virun der Conciliatioun an deem Litige tëscht CGFP a Regierung. D’CGFP ass gespaant ze gesinn, wien d’Regierung do vertriede wäert, esou de Romain Wolff am 100,7-Interview.

"Well dee Litige hei jo généralisé ass, hoffe mir datt déi richteg Leit um Dësch setzen. Hei geet et net ëm d’Arméi, hei geet et ëm déi ganz Fonction publique. An dofir erwaarde mir eis och, datt do richteg Leit um Dësch setzen. Leit, déi kënne schwätze fir déi ganz Fonction publique. Eis geet et hei ëm de Prinzip. An dat muss verstane ginn. (...) Dat wier den Idealfall, wann de Minister géif do setzen. Well dee kéint dann och direkt sur place Décisiounen huelen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft