Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logementskris: Privat Entreprisen als Deel vun der Léisung

Logementsminister Claude Meisch

Logementskris: Privat Entreprisen als Deel vun der Léisung

Als een Deel vun der Léisung vun der Logementskris géif een dru schaffen, fir mat privaten Entreprisë Modeller ze fannen, doriwwer wéi si sech am abordabele Wunnengsbau kënnen abréngen. Een definitive Modell géif awer nach net virleien, esou de Claude Meisch am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Sécher wier, datt een dem Privatsecteur och wéilt Limitte ginn. Et kéint net sinn, datt Projeten héich staatlech subventionéiert géife ginn, an herno eng Plus-value dovu privatiséiert géif ginn. Ee Rendement vum investéiert Kapital soll dem privaten Investisseur awer garantéiert ginn. Do wier ee sech alleguerten eens, esou de Minister.

"An an där Bandbreet si mir amgaangen, Modeller ze sichen, déi d'Strooss och halen an déi och eng Force de frappe kënnen duerstellen, fir wierklech um Marché och eppes entstoen ze loossen."

Et wier vläit een Tabubroch, mee an de leschte Joren wier och well vill mat privaten Entreprisen zesumme geschafft ginn, esou de Claude Meisch.

De Claude Meisch zum Virfall an engem Stater Restaurant: Den Dossier ass klasséiert

Zum vill diskutéierte Virfall mat enger héijer Staatsbeamtin an engem Stater Restaurant sot de Claude Meisch nach, et wier evident, datt hien déi ganz Situatioun géif bereien. Fir déi rechtlech Schrëtt géint d’Influencerin, déi d’Affär iwwert déi sozial Medien un d’Rulle bruecht hat, gesäit hien awer mëttlerweil kee Grond méi. D’Police hätt hir Aarbecht gemaach an de Parquet den Dossier klasséiert. 

"Ech bereien déi ganz Situatioun, dat ass evident. (...) Ech wëll awer och soen, datt och déi concernéiert Persoun alles dozou gesot huet a mir brauchen och net méi weider dat doten ze thematiséieren." 

De Claude Meisch wéilt sech elo voll a ganz op seng Aarbecht als Minister konzentréieren, esou den den DP-Politiker am 100,7-Interview.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik
Politik a Gesellschaft