Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eng immersiv Klangdécouverte aus, a fir Lëtzebuerg

play_arrow Live
search

/ Nach kee verstäerkten Trend zu méi privaten Zousazpensiounen

Assurancësecteur

Nach kee verstäerkten Trend zu méi privaten Zousazpensiounen

Dem Marc Hengen vun der ACA (Association des Compagnies d’Assurances et de Réassurances) no, hätten d’Diskussiounen iwwer eng méiglech Pensiounsreform nach net dozou gefouert, datt et bei de Leit a bei den Entreprisen ee verstäerkten Trend zu méi privaten Zousazpensioune gëtt.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

De Marc Hengen ass Administrateur-délégué vun der ACA | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Marc Hengen ass Administrateur-délégué vun der ACA (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Assurancësecteur plädéiert dofir, datt privat a betriblech Zousaz-Pensiounsversécherunge méi staark solle gefërdert ginn.

De Verband ACA schléit vir, datt bei de privaten Zousazpensiounen an Zukunft 12.800 Euro pro Joer steierlech kënnen ofgesat ginn. Haut sinn et 3.200 Euro. Fir dës Fuerderung géifen et zwee Grënn ginn, esou de Marc Hengen vun der ACA.

“Deen een ass, datt dee Plaffong do schonn zimmlech laang esou ass, wéi en elo ass. Dat heescht, datt och de Géigewäert haut net méi deen ass, wéi wou et gegrënnt ginn ass virun 20 Joer. Mee dat anert ass awer och, datt ee kënnt (...) verschidde Reegelen opstellen a wat dat den Assureur investéiert. An zum Beispill kënne mir ons virstellen, datt dat Produite sinn, déi (...) gréng Investissementer ënnerstëtzen.”

Et wier och méiglech, dat ze kontrolléieren, esou de Marc Hengen vun der ACA.

Een Zousaz zur gesetzlecher Pensioun

De sougenannten drëtte Pilier - déi privat Zousazversécherungen - géifen d’Méiglechkeet bidden, fir d’Pensioun ze spueren, fir een Zousaz ze kréien, par rapport zur gesetzlecher Pensioun.

“Dofir ginn et spezifesch Produiten hei zu Lëtzebuerg. (...) Déi gi genannt 111 bis, well et nämlech een Artikel am Code fiscal gëtt, dee virgesäit, wéi déi traitéiert ginn. An et ass haaptsächlech esou, datt och de Staat déi Produiten (...) ënnerstëtzt, dat ass och an anere Länner de Fall, andeem ee verschidde steierlech Virdeeler virgesäit, datt d'Leit dat maachen.”

Wéi déi privat Zousazversécherunge funktionéieren, huet den Administrateur-délégué vun der ACA, de Marc Hengen de Moien hei um radio 100,7 erkläert.

“Dir bezuelt an. Do ginn et verschidden Typpe vu Produiten. Dat eent ass deen, wou den Assureur sech engagéiert, fir eng gewëssen Zomm vun engem gewëssenen Datum un zur Verfügung ze stellen. Dat ass fréistens 60 Joer. An an deem Fall sinn déi Suen dann do, entweeder als Rent oder och als Kapital.“

D’Associatioun vun de Versécherungs- a Réckversécherungsgesellschaften (ACA) hat sech d’lescht Woch mat konkrete Virschléi zu enger Reform vum Pensiounssystem zu Wuert gemellt: mat Moossname fir den 2. Pilier ze moderniséieren an den 3. Pilier ze stimuléieren.

 

Lauschterenplay_arrow