An enger éischter Reaktioun op de Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas, sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich, et wier keen hien ëm Hëllef froe komm. Dozou de Michel Pauly:
"Ech menge wann ech gesinn, datt e Kand gefall ass, da lafen ech dohinner fir em ze hëllefen. Da waarden ech net bis et opgestan ass a bei mech kënnt."
Hien hätt sech méi vum Kardinol erwaart, esou nach den Historiker. Mat der Caritas hätt d’Kierch iwwerdeems e wichtegt Aushängeschëld verluer.
"Caritas als Ausdrock vum Glawen, als en Asaz fir déi Aarm, awer net nëmmen einfach fir déi Aarm, dat kléngt mer schonn ze vill paternalistesch, mee als en Asaz fir eng méi gerecht Gesellschaft opzebauen"
Vu Säite vum Bistum wier dee Message nämlech net op déi Lëtzebuerger Situatioun deklinéiert ginn, esou de Michel Pauly.
Woufir géif de Lëtzebuerger Kardinol als Poopst stoen?
Um Mëttwoch den Owend fänkt zu Roum de Konklav un. 133 Kardineel wäerten esou laang debattéieren, bis ee vun hinnen als neie Poopst gewielt ass. Een, deen an der internationaler Press als méigleche Favoritt gehandelt gëtt, ass de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich.
De Lëtzebuerger Kardinol wier e gudde Frënd vum verstuerwene Poopst Franziskus gewiescht, erkläert den Historiker Michel Pauly. Dat kéint ee beispillsweis drun erkennen, datt de Jean-Claude Hollerich och eng ganz Rei Aufgabe vum Poopst Franziskus iwwerdroe kritt huet.
"Mee op där anere Säit muss ech awer och feststellen, datt dee ganz percutante Message, deen de Franziskus a puncto Kritik um Kapitalismus, um kapitalistesche Wirtschaftssystem gemaach huet, vum Lëtzebuerger Äerzbëschof hei net repercutéiert ginn ass."
Am Géigendeel zum verstuerwene Poopst Franziskus géifen et keng Textdokumenter oder Riede ginn, an deenen de Kardinol Jean-Claude Hollerich sech beispillsweis kritesch mat der Lëtzebuerger Finanzwelt ausernee setzt. Weider wier et an den An vum Historiker iwwerdeems schwéier esou e komplexen Apparat wéi d'Kierch a Beweegung ze kréien.
Poopst muss sech ëm Eenheet vun der Kierch beméien
De kierzlech verstuerwene Poopst Franziskus hätt wichteg Accente gesat, wat beispillsweis d’Theema vum Klimaschutz oder vun der Aarmut an der Gesellschaft ugeet.
Doduerch awer, datt ee Poopst sech ëm d’Eenheet vun der Kierch muss këmmeren, géife verschidde Reforme gebremst ginn. Beispillsweis déi ëm d’Roll vun der Fra an der Kierch. Doru kéint ee feststellen, datt den eenzelne Poopst och net esou vill verännere kéint wéi sech dat heiansdo virgestallt gëtt, erkläert de Michel Pauly.
Deemno géif och elo och keen esou e groussen Ënnerscheet maachen, op den nächste Poopst e Reformer gëtt, oder net.
"Ech sinn effektiv der Meenung, an dat soen ech duerchaus och als Historiker, dass d'Roll vum Eenzelnen an der Weltgeschicht net soll iwwerschat ginn. Dat gëllt ganz sécher och fir d'Kierch. D'Kierch ass, wéi ech éinescht gesot hunn, schonn e ganz komplexen Apparat. A fir deen a Beweegung ze bréngen, brauch et méi wéi d'Kraaft vun engem Eenzelnen. Wéi wäit dat elo an dësem Fall eng Roll spillt, sécher kann een Akzenter setzen. Dat huet ee jo beim Franziskus och gesinn, eleng schonn duerch d'Wal vu sengem Numm huet en eppes ausgedréckt."
Den Numm vum Poopst Franziskus gouf et bis dato nach net als Numm vun engem Poopst. De Franziskus huet sech deemools bewosst dofir entscheet, als Uspillung un de Franz von Assisi. En Hellegen, dee sech am 13. Joerhonnert ënner anerem géint Aarmut agesat huet.