Well de Poopst Franziskus am leschten November nach esou vill nei Kardineel genannt huet, déi ënner 80 Joer al sinn, an deemno am Konklav wiele kennen, gëtt d’Wal vum neie Poopst méi komplizéiert, mengt de Patrick Hubert.
"Dëse Konklav, dee muer ufänkt, ass de Konklav mat de meeschte Wieler an der Kierchegeschicht. Méi Wieler heescht och méi wielbar. Natierlech kann nom eigentleche Recht all kathoulesche Mann, deen net bestuet ass, deen also theoretesch kéint zum Bëschof geweit ginn, ass wielbar. Mee natierlech, de facto, ass et mol net esou, déi leschten Honnerte Joren, dass d’Leit ausserhalb vum Kardinolskollegium gewielt gi sinn. Et gëtt de facto innerhalb vum Kardinolskollegium gewielt."
Derbäi géif kommen, datt d’Kardineel ëmmer méi international ginn, wat d’Wal och nach méi komplizéiert géif maachen, esou de Patrick Hubert.
D'Wal kéint länger daueren
D'Wal vum Poopst fënnt iwwerdeems net op engem klassesche Walziedel statt, erkläert de Patrick Hubert. D'Kardineel kréien e Blat, op dat si den Numm vum dem, deen si als neie Poopst wëllen, schreiwe sollen. Réicht wann 2/3 vun den 133 Kardineel sech fir dee selwechte Mann ausgeschwat hunn, steet d'Decisioun fest.
Déi lescht Kéieren huet d'Decisioun vun de Kardineel ongeféier 2 Deeg gedauert. Wéi laang et des Kéier kéint daueren, wier schwéier ze soen, mengt de Patrick Hubert. Et géif fir de Moment awer net esou ausgesinn, wéi wann et e kloere Favorit géif ginn. Deemno géif hien domat rechnen, datt d'Wal vum neie Poopst länger kéint daueren.