Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Rose - Pale Blue Eyes - Lucy Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taina Bofferding: "Eng riicht an d’Gesiicht"

Ukënnegungen zum Pensiounssystem

Taina Bofferding: "Eng riicht an d’Gesiicht"

Jonk Generatioune wäerte musse méi laang cotiséieren, also méi laang schaffe goen, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding am 100,7-Interview kritiséiert. Dat no den Ukënnegunge vum Premier Luc Frieden a Saache Pensiounssystem.

auto_stories

4 min

headphones

14 min

D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding (Foto: Jo Diseviscourt)

Well Lëtzebuerg vun allen EU- an OECD-Staate mat ronn 60 Joer deen niddregste reelle Pensiounsantrëttsalter huet, sollen d’Cotisatioune lues a lues erop gefuer ginn, esou de Luc Frieden um Dënschdeg an der Ried zur Lag vun der Natioun. D’Karriär, déi ee muss absolvéiert hunn, fir een Urecht op eng Pensioun ze hunn, wäert iwwer eng Rei Joren all Joer stufeweis ëm dräi Méint verlängert ginn, hat de Premier ugekënnegt.

Taina Bofferding entsat, awer net iwwerrascht

Iwwer d’Ukënnegungen a Saache Pensiounssystem wier si grad esou entsat, wéi d’OGBL-Presidentin Nora Back, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an hirer Reaktioun am 100,7-Interview.

Et géif awer net wierklech iwwerraschen, datt d’CSV-DP-Regierung bei de Pensioun an déi annoncéiert Richtung wéilt goen, huet d’Taina Bofferding erkläert.

“Bei de Pensioune weise si ganz kloer, dass hinnen d'sozial Gerechtegkeet, d'Solidaritéit eigentlech, dass dat fir si keng Roll spillt.”

Et géif schéngen, datt d’Cotisatiounsjore progressiv sollen erop gesat ginn, esou d’Taina Bofferding.

“A firwat ass dat schwiereg? (...) Mee dat heescht awer, dass déi jonk Generatiounen, déi musse méi laang cotiséieren, ergo méi laang schaffe goen. An dat ass awer ee Broch mam Generatiounevertrag, wéi mir e kennen. A virun allem ass et awer eng riicht an d’Gesiicht fir déi Generatiounen, déi haut schonn am Ufank vun hirem Beruffsliewen enorm ënner Drock stinn.”

Fir de Pensiounssystem fir 15 Joer finanziell ofzesécheren, sollen ënnert anerem Recetten aus der CO2-Steier agesat ginn, hat de Luc Frieden an der Chamber ugekënnegt. Si hätt “net schlecht gestaunt”, esou d’Reaktioun dorop vun der Taina Bofferding.

“A fir einfach ze soen, oh do sinn Dëppen, do si Suen dran, lo gi mer mol do dran, also dat ass eng komplett Zweckentfremdung vun deene Recetten do. An ech fannen, dass se sech do awer extrem einfach maachen. A virun allem si se jo och amgaangen hei dat Soziaalt géint d'Ëmwelt auszespillen.”

Zäitplang fir NATO-Zil z’erreechen: “ganz nei”

Wat déi ugekënnegt méi héich Lëtzebuerger Ausgabe fir d’Verdeedegung ugeet, wier och d’LSAP-Fraktioun sech bewosst, datt misst investéiert ginn, esou d’Taina Bofferding.

“Ech muss awer och soen, esou gëschter an engem Niewesaz ass dann op eemol komm, jo, déi 2 Prozent sollen da lo schonn Enn des Joers erreecht ginn. Bon, dat Gespréich, wat ech mam Premier hat, do ‘huet en dat awer net esou gesot. En huet just gesot, mir probéieren dat virun 2030 z’erreechen. Okay, mir mussen den Detailer kucken. Mee dass dat lo Enn des Joers soll kommen, dat ass awer lo ganz nei.”

Ofschloss vun der Caritas-Spezialkommissioun viru Summer

D’Chamber-Spezialkommissioun Caritas soll hir Aarbechten nach virum Summer ofschléissen, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin a Rapportrice Taina Bofferding am 100,7-Interview confirméiert.

Wat si nach ëmmer net géif verstoe wier firwat – wéi d’Affär opgeflunn ass – net versicht ginn ass, all Acteuren un een Dësch ze kréien, fir ze kucke wéi d’Caritas hätt kënne gerett ginn.

“Et ass zwar diskutéiert ginn, mee et ass ni zesummen diskutéiert ginn, dat verstinn ech net. Wann een dann an esou enger Kris ass, dann hëlt een dach alleguerten d'Leit zesummen an da kuckt een eebe wat méiglech ass.”

Méi grondsätzlech huet d’Taina Bofferding gesot, datt si frou wier, datt et den 100,7-Podcast zur Caritas-Affär gëtt.

“Well jo, do kritt een heiansdo méi Informatioune mat, wéi mir an eiser Spezialkommissioun. Ech mengen och do gehéiert herno zum Biller sech d'Fro ze stellen, ob déi Form vun där Spezialkommissioun wierklech dat hier gëtt, well mer do un eis Grenze stoussen.”

Et geséich een, datt d’Aarbecht vun der Spezialkommissioun net esou evident wier, wéi ee sech dat am Ufank virgestallt hat.

 

Lauschterenplay_arrow