Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Irland: Zuel vun de Migranten hëlt wéinst dem Ruanda-Gesetz schonn zou

Groussbritannie weider an der Kritik

Irland: Zuel vun de Migranten hëlt wéinst dem Ruanda-Gesetz schonn zou

Déi iresch Regierung klot doriwwer, datt ëmmer méi Migranten an d‘Land kommen. Grond wier déi brittesch Decisioun wéinst där Migrante fäerten, vu Groussbritannien a Ruanda expulséiert ze ginn.

auto_stories

1 min

Micheal Martin | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Den ireschen Ausseminister Micheal Martin. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Den ireschen Ausseminister Micheal Martin sot der brittescher Zeitung „Daily Telegraph“, datt déi ëmstridde Politik vum brittesche Premier scho Konsequenzen op d‘Land hätt. Asyldemandeure géife bannent der europäescher Unioun Schutz siche fir net an de Ruanda expulséiert ginn.

Ronn 80 Prozent vun de Migrante kommen deemno iwwer Nordirland an Irland. Groussbritannien an d‘EU ware sech nom Brexit eens ginn, d‘Grenzen oppen ze loossen. Dat brittescht Parlament hat an der Nuecht op en Dënschdeg ee Gesetz gestëmmt, dat Ruanda zum sécheren Drëttstaat erkläert. Deemno kann déi konservativ Regierung zu London irregulär agereest Asyldemandeuren an dat ostafrikanescht Land expulséieren.