Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Mozart, Beethoven a Mahler

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kee Congé parental fir Fleegefamillje virgesinn

Äntwert op eng parlementaresch Fro

Kee Congé parental fir Fleegefamillje virgesinn

D‘Regierung gesäit net vir ee Congé parental fir Fleegefamilljen anzeféieren. Dat geet aus enger gemeinsamer Äntwert vum Justizministère, dem Educatiounsministère an dem Familljeministère op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten ervir.

auto_stories

1 min

Famill | © Ioann-Mark Kuznietsov / Unsplash
Foto: Ioann-Mark Kuznietsov / Unsplash

Am Géigesaz zu enger Adoptioun sollt d’Zil vun engem Placement ëmmer de Retour bei déi biologesch Famill sinn, wann dëst dem Interêt supérieur vum Kand gerecht gëtt, heescht et weider an der Äntwert vun den zoustännege Ministèren.

Op den Oktober 2023 waren 1.461 Kanner placéiert. Wéi vill vun dëse Kanner aus engem Placement erëm bei hir biologesch Elteren zeréckgaange sinn, gouf net präziséiert. Dat mat der Begrënnung, datt den informatesche System vun de Justizautoritéiten et net géing erlaben, dës Donnéeën erauszezéien an dës Dauer auszerechnen.

D’Unzuel vun neie Fleegefamille wier iwwer déi lescht 10 Joer iwwerdeems permanent gewuess. 2014 goufen et 196 Fleegefamillen zu Lëtzebuerg. Aktuell sinn et der 475.