Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng séier Léisung fir de Krich an Aussiicht

Krich am Noen Osten

Keng séier Léisung fir de Krich an Aussiicht

D’ganz Welt kuckt an de Noen Osten, zanter dem Terroruschlag vun der radikal islamescher Hamas op Israel. D’Zuel vun doudegen Zivilisten op béide Säite klëmmt weider. De Johannes Becke, Expert fir den Noen Osten, erkläert, datt eng Deseskalatioun schwéier ze erreechen ass.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Eigentlech ënnerriicht de Johannes Becke zu Heidelberg un der Héichschoul fir jiddesch Studien, mee aktuell sëtzt och hie mat senger Famill zu Tel Aviv fest. Hien war d’lescht Woch fir eng Konferenz an den Noen Oste gereest.

"Die Stimmung ist angespannt, ja. Wir waren vorhin in Be’er Sheva, das ist in der Wüste, im Süden, nicht so weit entfernt vom Gazastreifen. Das heißt, am Samstag als dieser Terroranschlag war, oder Terrorüberfall – wie man das nennen will, waren wir die Hälfte des Tages im Luftschutzbunker. Wir sind jetzt gerade mit dem Zug hierhergefahren und der war leer an Zivilisten und voll an Soldaten."

Op der Gare vu Be’er Sheva war dann och rëm Rakéitenalarm, erzielt de Johannes Becke. D’Leit hu sech séier an den Ënnergäng tëschent de Gleise verstoppt. Elo wieren hien a seng Famill zu Tel Aviv ukomm.

Zäitpunkt dréit eng grouss Symbolik

Säit iwwer engem Joerzéngt beschäftegt de Johannes Becke sech mat de Konflikter am Noen Osten. Hannert dem vun der radikal islamescher Terrororganisatioun Hamas gewielten Zäitpunkt stécht eng grouss Symbolik, erkläert hien: D’Ugrëff hu wärend dem Sabbat ugefaangen, op engem jiddesche Feierdag dem Simchat Tora an een Dag nom 50. Joresdag vum Jom Kippur Krich. Mee wisou ass et da grad elo zou dëser dramatescher Eskalatioun koum?

 "Wir befinden uns in einem Moment der arabisch-israelischen Annäherung. Es sah vieles danach aus, dass Saudi-Arabien seine diplomatischen Beziehungen mit dem Staat Israel normalisieren möchte."

Dat wier de Moment, deen déi „klassesch Störenfriede“ am Noen Osten, also de Iran a verschidden Terrororganisatiounen, verhënnere wéilten.

"Und es sieht danach aus, als ob der massenhafte Terroranschlag von der Hamas, am Samstag, einen jetzt vielleicht mittleren Krieg Israel und den Palästinensern auslösen könnte. Also es ist ein, zynisch gesprochen, klug gewählter Zeitpunkt."

Massiv Mobiliséierung an Israel

Israel huet am Laf vun deenen éischten Deeg iwwer 300.000 Reservisten agezunn, dat sinn der souvill wéi nach ni. No eegene Meldungen hat Israel de Beräich ëm d’Gazasträif an deenen éischten Deeg zeréck erkämpft. De Johannes Becke erkläert, den Ament gesäit et aus, wéi wann Israel duerch eng massiv Mobiliséierung vu militäresche Reserven sech preparéiert a Gaza ze intervenéieren.

 "Das kann vieles bedeuten. Das kann bedeuten, dass man die Kommandozentren der Hamas gezielt ausschalten möchte, das kann bedeuten, dass es Kommandooperationen auf dem Territorium des Gazastreifens gibt. Ich glaube, der maximale Eskalationsfall wäre der Versuch einer vollständigen militärischen Einnahme des Gazastreifens. Und im Gazastreifen wohnen fast 2 Millionen Menschen."

Wie profitéiert vum Konflikt?

Am Réckbléck op déi lescht Konflikter an Onrouen tëschent der Terrormiliz Hamas an dem Staat Israel deit et sech un, datt dës Eskalatioun schlëmmer wei déi Vergaange kéint sinn, sou nach de Johannes Becke. No enger Joerzéngte laanger Geschicht u Konflikter a Kricher, wéi kéint et dann no dësen Uschléi zou enger Deseskalatioun kommen?

"Ich fürchte man, müsste sich auf beiden Seiten mal kritisch auseinandersetzen, mit den Akteuren, die an der Fortdauer dieses Konfliktes ein großes Interesse haben. Es gibt politische Akteure, die leben davon, dass es diesen Konflikt gibt. Auf der israelischen Seite wäre das so der rechtsextreme Teil der Siedlerbewegung. Die freuen sich über mehr Konflikt und mehr Blutvergießen. Und auf palästinensischer Seite sind das die verschiedenen Terrororganisationen."

Eng Deseskalatioun géif bedeiten, datt ee sech kritesch mat Finanzementer aus dem Iran an dem Katar befaasst. Dat wier fir de Johannes Becke méi hëllefräich, wéi de Palestinenser d’Entwécklungshëllef wech ze huelen.

"Das ist nicht das Problem. Das Problem ist die Ausbildung von palästinensischen Terroristen durch den Iran, zum Teil finanziert durch Qatar, und da könnte man sehr viel mehr machen, als es bislang der Fall ist."

Eng séier Léisung fir weidere Krich ze verhënneren, schéngt net an Aussicht ze stoen. Mëttlerweil koum et och zu gehaltvollen Ausernanersetzunge mat der radikaler Hisbollah-Miliz am Libanon. De Johannes Becke hofft weiderhin, geschwë rëm mat senger Famill doheem ze sinn. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International