Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Commodores - Nightshift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien ass de Robert Francis Prevost?

Habemus Papam

Wien ass de Robert Francis Prevost?

Et hat eng Stonn laang gedauert, nodeems de wäissen Damp aus dem Kamäi koum, bis datt d’Identitéit vum neie Poopst annoncéiert gouf. De Robert Francis Prevost huet sech den Numm “Leo XIV” erausgesicht. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

De Poopst Leo XIV (Robert Francis Prevost) um Balkon vum Péitersdom kuerz nom Konklav | © picture alliance / ipa-agency | marco iacobucci play_arrow
De Poopst Leo XIV (Robert Francis Prevost) um Balkon vum Péitersdom kuerz nom Konklav (Foto: picture alliance / ipa-agency | marco iacobucci)

Anescht ewéi de Poopst François, huet de neie Poopst seng Ried op méi engem formalen Toun gehalen.

Éischten US-amerikanesche Poopst

Och säi Gewand war méi traditionell, mat enger gëllener Stola. Mee grad ewéi de Poopst François, huet hien a senger éischter Ried fir de Fridde plädéiert.

“Mir wëllen eng synodal Kierch sinn, eng Kierch déi zesumme geet, eng Kierch déi ëmmer de Fridde sicht, ëmmer d'Nächsteléift sicht, ëmmer versicht no bei de Leit ze sinn, besonnesch bei deenen, déi leiden.”

De Poopst Leo XIV ass 69 Joer al an ass zu Chicago gebuer- Hien huet spuenesch, italieenesch a franséisch Originnen. Hien ass deen aller éischten US-amerikanesche Poopst.

Kritik un US-amerikanescher Migratiounspolitik

Hien huet sech an de leschte Méint och kritesch vis à vis vun der Politik vum US-President Donald Trump gewisen, virun Allem a punkto Deportatioun vu Migrantinnen a Migranten.

Den neie Poopst huet awer och déi peruanesch Nationalitéit.

Mat 26 Joer gëtt hie Paschtouer, a mat drësseg iwwerhëlt hien eng Missioun vum  Augustiner-Uerden am Peru, wou hien am Kontakt war mat méi marginaliséierte Populatiounen. Hien wier dohanne bekannt als Bréckebauer.

De Robert Francis Prevost war zënter 2023 Kardinol, an huet am Vatikan zur Kurie gehéiert a war bis elo zoustänneg fir d’Ernennung vun de Bëscheef an der ganzer Welt.

Reaktioun aus Lëtzebuerg

De Lëtzebuerger Weibëschof Leo Wagener huet déi éischte Schrëtt vum neie Poopst Leo XIV begréisst.

“Also perséinlech sinn ech ganz frou iwwert de Choix no deenen éischte Biller, déi ech gesinn hunn, wéi en sech ginn hutt. E schéngt et mer e ganz einfache Mënsch ze sinn, deen awer trotzdeem vill Energie a säi klenge Message geduecht huet, deen en den Owes scho ginn huet.”

De Leo Wagner ass der Meenung, datt d’Nationalitéit bei der Wal keng Roll gespillt hätt. De Poopst Leo XIV gouf beim véierte Walgang gewielt. Dat war par rapport zu ville Spekulatiounen am viraus relativ séier. Dat géif weisen, datt de Robert Francis Prevost e Mann ass, deen d’Stëmme vun de Kardineel gutt konnt vereenegen.

 

Lauschterenplay_arrow