Radioen

On air

De Weekend  |  Molly Burch - Physical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënschtlech Intelligenz: Wat mécht Konscht zur Konscht?

Kënschtlech Intelligenz an der Konscht

Kënschtlech Intelligenz: Wat mécht Konscht zur Konscht?

“LetzAI” ass déi éischt lëtzebuergesch generativ kënschtlech Intelligenz. Mat Modeller an e puer Stéchwierder kann een e Bild generéieren. Ass KI-generéierte Contenu da wierklech Konscht? Där Fro stelle sech d’Kënschtlerin Irina Moons an de CEO vu LetzAI Misch Strotz.

auto_stories

3 min

headphones

24 min

play_arrow
De Misch Strotz ass CEO vu LetzAI (Foto: Morgane Weidig)

Kënschtlech Intelligenz an der Konscht ass en ëmstriddent Thema. Pionéier vun der generativer KI, ewéi OpenAI oder Midjourney huelen hir Datesätz aus dem Internet. Dat oft ouni den eigentleche Kënschtler no Erlabnis ze froen. LetzAI wier eng Initiativ, fir generativ KI méi fair a méi lokal opzestellen, erkläert de Misch Strotz, CEO vun der lëtzebuergescher Plattform.

E fairt Spill

Et géing beim Projet drëms goen, fir “de Spiiss ëmzedréinen”. D'Notzer sollen eng Plattform gebuede kréien, fir sech selwer an de System anzefügen. De Misch Strotz betount, datt LetzAI just mat den eegene gesammelten Date schafft, an och näischt un aner Datebanke weidergëtt. Domat sollen d’Notzer an hir Contenuë geschützt ginn. De Kënschtler soll esou vill Kontroll wéi méiglech behalen, ënnersträicht de LetzAI CEO.

Konscht oder Plagiat?

Vill Kënschtler hätte Bedenken, wat den Dateschutz bei generativer KI ugeet, seet d’Irina Moons. Déi jonk Kënschtlerin gëtt zou datt Virurteeler ronderëm de Sujet KI an der Konscht wäit verbreet sinn. Et hätt een Angscht, datt den Ënnerscheed tëscht KI-generéierte Biller a “richteger Konscht” net méi erkennbar géif sinn.

Béid Säite si sech allerdéngs op engem Punkt eens: D’KI ass wéi ee Pinsel oder Bläistëft – nämlech ee Moyen fir Konscht ze produzéieren. Eng Plattform wéi LetzAI ass keng Konscht, de Produit deen een domat generéiert, kann awer als Konscht bezeechent ginn. An um Enn vun der Diskussioun decidéiert de Kënschtler, wat seng Konscht ass a wéi se ausgesäit.

D’Irina Moons gesäit d’Aarbecht mat KI als Kollaboratioun | © Irina Moons
D’Irina Moons gesäit d’Aarbecht mat KI als Kollaboratioun (Foto: Irina Moons)

Kollaboratioun amplaz Konkurrenz

D’Irina Moons gesäit d’Aarbecht mat KI als Kollaboratioun. Kënschtler géifen hir Konscht am Fall vu LetzAI jo fräiwëlleg zur Verfügung stellen. Sou laang een den Accord gëtt, ass et wéi eng normal Zesummenaarbecht tëscht Kënschtler. Et géifen natierlech ëmmer Bedenke ginn, wann eppes Neies op de Marché kënnt, mengt d’Irina Moons.

Den Notze vun der KI

U sech soll LetzAI fir de grousse Public fräigestallt ginn. De Projet wier allerdéngs nach an enger Testphase, well eng KI immens vill Ressource verbraucht. De Misch Strotz betount och, datt bei de KI-generéierte Biller oft de “leschte Schlëff” géing feelen. Eng kënschtlech Intelligenz kéint Konscht eben nach net esou gutt wéi den eigentleche Kënschtler.

Allerdéngs kéint och de Kënschtler eppes vun der KI léieren. Esou konnt de Kënschtler Alain Welter zum Beispill mat LetzAI verschidde Pose fir seng Figuren erstellen, an esou besser aschätzen, wéi de Schiet a sengem Wierk op der richteger Mauer soll falen.

Lauschterenplay_arrow