Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Koalitiounsaccord bereet LSAP an OGBL Suergen

Aarbechtsrecht, Pensiounen a Gesondheetssystem

Koalitiounsaccord bereet LSAP an OGBL Suergen

Den OGBL an den LSAP maachen sech Suergen ëm d‘Moossnamen, déi de Koalitiounsaccord a Saachen Aarbechtsrecht, Pensiounen a Gesondheetssystem virgesäit.

auto_stories

1 min

Changementer wéi eng Flexibiliséierung vun der Organisatioun vun der Aarbechtszäit an de Betriber oder der Extensioun vun der Sonndesaarbecht hätten dramatesch Repercussioune fir d‘Salariéen, warne béid Gewerkschaften an engem Communiqué no enger gemeinsamer Reunioun.

D‘Evolutioun vun der konservativ-liberaler Approche vun der CSV-DP-Regierung géif ee vu ganz noem suivéieren. Si betounen och, datt déi fortschrëttlech Kräften an der Gesellschaft sech missten zesummendinn, fir déi sozial Errongenschaften ze verdeedegen.