Radioen

On air

Resonanzen  |  Georges Bizet - L'amour est un oiseau rebelle WD 31 / Act 1 aus 'Carmen' (Oper) - Elïna Garanca (Gesang), Orchestre Sinfonica Nazionale Della RAI, Karel Mark Chichon (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kooperatioun tëschent Webtaxi an Uber: OGBL fuerdert Kontrollen am Taxi-Secteur

OGBL

Kooperatioun tëschent Webtaxi an Uber: OGBL fuerdert Kontrollen am Taxi-Secteur

Den OGBL fuerdert Garantie fir d‘Aarbechter vun Uber, wann déi Taxi-Plattform op Lëtzebuerg kënnt. Fir den onofhängege Gewerkschaftsbond ass Uber e Symbol vu Sozialdumping.

auto_stories

1 min

Uber | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

An deene meeschte Länner, wou Uber sech néiergelooss hätt, wier den Taxis-Secteur ganz op d‘Kopp gehäit ginn, well Uber deloyal Konkurrenz géif maachen. Wann elo sou eng Firma op Lëtzebuerg kënnt, da misste Mesure geholl ginn, fir géint de Sozialdumping ze kämpfen.

Ënner anerem fuerdert den OGBL méi Kontrollen an den Taxis-Entreprisen an d‘Aféiere vu Sanktiounen, wa sech net un d‘Aarbechtsrecht an de Kollektivvertrag gehale gëtt. Dozou misst och gehéieren, datt Entreprisen, déi sech net drun halen, d‘Lizenz ewechgeholl kréichen.

An den OGBL fuerdert, datt d‘Chambre des salariés eng Gesetzespropositioun ausschafft, fir de Leit, déi fir sou Plattforme schaffen, hir Salairen, Congéen a securité sociale ze garantéieren.

Uber huet jo ugekënnegt, e Partenariat mat der Lëtzebuerger Taxis-Entreprisen Webtaxi ze ënnerschreiwen.