Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg op nei Riske virbereeden

Finnesche Comprehensive Security Model als Virbild?

Lëtzebuerg op nei Riske virbereeden

Méi wéi 5.500 ënnerierdesch Bunkere mat Plaz fir bis zu 900.000 Leit ginn et an der finnescher Haaptstad. Dat alles 20 bis 30 Meter ënner dem Buedem am décke finnesche Fiels. Geduecht si se fir den absolutten Eeschtfall. Och de Premier Luc Frieden war gëschter um Dënschdeg zu Helsinki esou ee Bunker kucken. Hei am Land bréicht een zwar keng esou eng Infrastruktur an awer soll Lëtzebuerg an Zukunft nach besser op Krisen an Noutfäll preparéiert sinn - eebe wéi d'Finnen.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Méi wéi 5.500 ënnerierdesch Bunkere mat Plaz fir bis zu 900.000 Leit ginn et zu Helsinki. | © Christiane Kleer play_arrow
Méi wéi 5.500 ënnerierdesch Bunkere mat Plaz fir bis zu 900.000 Leit ginn et zu Helsinki. (Foto: Christiane Kleer)

Toiletten, Etagebetter, Waasserleitungen a Stroum-Generatoren: Am Merihaka-Bunker zu Helsinki ass alles, wat ronn 6.000 Leit brauchen, fir e puer Deeg am Eeschtfall ze iwwerliewen. E puer Joer gouf hei virum Zweete Weltkrich gegruewe fir déi riseg ënnerierdesch Raimlechkeeten ze schafen. Den Eeschtfall ass bis elo net agetrueden, mee e schwéngt awer iergendwéi mat am Alldag vun de Finnen.

"Allëmfaassend" preparéiert sinn

Pragmatesch, wéi si sech selwer nennen, gëtt de Bunker am normalen Alldag vu Sportsclibb an anere Veräiner gelount: Goler a Fitnessgeräter mussen awer am schlëmmste Fall dann eebe geréckelt ginn.

Am Merihaka-Bunker zu Helsinki ass alles, wat ronn 6.000 Leit brauchen, fir e puer Deeg am Eeschtfall ze iwwerliewen. | © Christiane Kleer
Am Merihaka-Bunker zu Helsinki ass alles, wat ronn 6.000 Leit brauchen, fir e puer Deeg am Eeschtfall ze iwwerliewen. (Foto: Christiane Kleer)

Net un de Bunkeren, mee allgemeng un der sougenannter “Preparedness” vu Finnland huet de Premier Luc Frieden sech wärend senger Visitt inspiréiert.

"Ech mengen net, datt mir zu Lëtzebuerg Bunkere musse bauen. (...) Wat si nennen ee Comprehensive Security Model, wou een net huet: Déi eng Säit d'Arméi, déi aner Säit d'Pompjeeën an aner Gruppen. Mee datt den ëffentleche Secteur, de private Secteur, verschidden ONGe wéi Croix-Rouge alleguerten zesummeschaffen, fir sech op verschidde Geforen, op Risken, virzebereeden."

Och Lëtzebuerg muss sech besser opstelle wann et drëm geet, resilient an op Krise virbereet ze sinn. Dowéinst krut den Haut-Commissariat à la protection nationale Enn d’lescht Joer scho vum Premier den Optrag un enger – wéi hie seet – "allëmfaasseneder Preparatioun" ze schaffen.

Am Alldag gëtt de Bunker vu Sportsclibb an anere Veräiner gelount. | © Christiane Kleer
Am Alldag gëtt de Bunker vu Sportsclibb an anere Veräiner gelount. (Foto: Christiane Kleer)

Virsiicht soll grouss geschriwwe ginn

Krisepläng ginn et zwar fir eng ganz Rei vun Zenarioen, mee et misst ee sech konstant un nei, ongewinnt Risken upassen, esou de Luc Frieden.

"Ech sécherlech konnt mir net virstellen, datt Russland géing een anert Land ugräifen. Ech konnte mir net virstellen, datt iwwer Sozial Medie géinge Walen influenzéiert ginn. Ech konnte mir net virstellen, datt Kabele géingen duerchgeschnidde ginn an domadder ganz Systemer lahm geluecht ginn."

Net Angscht géif een hei undreiwen, mee Virsiicht. De Wëllen, d’Bevëlkerung ze schützen, a méigleche béiswëllegen Täter eppes entgéintzestellen.

Esou eng nei, méi vernetzte Strategie op d’Been ze stellen, déi Aufgab huet de Guy Bley, den Haut-Commissaire à la protection naionale, deen och Deel vun der Lëtzebuerger Delegatioun op der Visitt a Finnland war, an impressionéiert ass vun der finnescher Approche a Saache Krise-Preparatioun.

"Wéi si et fäerdegbréngen, déi ganz Gesellschaft mat anzebannen, de Privatsecteur mat anzebannen. De public an de privé zesummeschaffe fir de Krisemanagement."

Froen a Saache Krisebewältegung bleiwen op

Vertrieder:inne vun alle Ministère géifen aktuell reegelméisseg zesummen um Dësch setzen, fir esou eng Strategie op Lëtzebuerg erofzebriechen, esou de Guy Bley. Um Enn soll awer all gesellschaftlech Acteure mat agebonne ginn.

"Mir huelen do genau déi selwecht Approche, wéi och hei a Finnland am Fong, datt mir soen, et der enger Approche wierklech, wou jidderee mat implizéiert ass. Déi Approche hei a Finnland, do kann ee vill draus léieren."

Privat Entreprisen, notamment op der Finanzplaz, wieren zwar elo scho gehalen, gewëssen Noutfallpläng ze hunn, an awer géife fir hie Froen a Saache Krisebewältegung opstoen, esou nach de Luc Frieden.

"Inwiefern déi awer koordinéiert si mat staatlechen Institutiounen, weess ech zum Beispill net. Mee datt een also kuckt, wat hunn zum Beispill d'Banken, wat hu mir, wann eng Attack kënnt op eis Institutiounen, wat kënnt, wann eng Attack kënnt op eis Energiereseauen. Do brauch een an all deenen do Beräicher och de Privatsecteur derbäi."

Nach wier et elo ze fréi fir konkret festzehalen, wéi déi nei Strategie kéint ausgesinn, huet et gëschter zu Helsinki geheescht. Am Laf vun dësem Joer sollen d’Aarbechte vum Haut-Commissariat à la protection nationale an de Ministèren awer ofgeschloss ginn.

 

Lauschterenplay_arrow