Dat Treffen ass fir 1 Auer de Mëtteg geplangt. De Premier wéilt do ënner anerem verschidden Dossieren uschwätzen, déi um nächsten EU-Sommet am Dezember op der Dagesuerdnung stinn, sou ee Communiqué vum Staatsministère.
Zu Bréissel begéint de Luc Frieden och säi belschen Homolog Alexander De Croo. Dat am Virfeld vum Benelux Sommet, deen haut zu Rotterdam ass.