Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mécht d’EU genuch fir hir Bierger sozial ofzesécheren?

Europawalen

Mécht d’EU genuch fir hir Bierger sozial ofzesécheren?

Wat muss sech an der Europäescher Unioun änneren, fir datt de Bierger op sozialem Niveau méi effikass gehollef ka ginn? Dës Fro stoung am Zentrum vun der zweeter Table ronde zu den Europawalen um 100,7. D'Meenunge vun der LSAP, Volt, KPL an de Pirate ginn deelweis auserneen.

auto_stories

2 min

headphones

28 min

play_arrow
V. l. n. r.: Ali Ruckert, Marc Angel, Raymond Remakel, Philippe Schannes. (Foto: Jo Diseviscourt)

Beim Rick Mertens am Studio waren den Ali Ruckert (KPL), Marc Angel (LSAP), Raymond Remakel (Piraten) an de Philippe Schannes (Volt).

LSAP: D'EU mécht méi kleng Schrëtter wéi nach virun 30 Joer

D’LSAP schwätzt sech am Virfeld vun den Europawalen dofir aus, déi europäesch Traitéen ze änneren. Den LSAP-Spëtzekandidat Marc Angel sot an der 100,7-Table ronde, datt eng Vertragsännerung néideg wier, fir datt d’EU-Institutiounen nach méi effikass Mesuren am soziale Beräich kënnen decidéieren.

De Marc Angel vun der LSAP kritiséiert ënner anerem, datt wann ëmmer all Land misst averstane sinn, een an den Dossieren net viru kéim.

“Ech war ganz aktiv an der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa, wou d’Mënsche gesot hunn: Eist Haaptuleies sinn de Klimawandel an déi sozial Inegalitéiten. An da musse mir och de Mënschen nolauschteren an do upaken an d’Traitéen endlech änneren, well soss komme mir net méi virun."

Mat der Unanimitéit géing ee sech just géigesäiteg blockéieren. "Elo zu 27 gesitt Dir jo, datt mir keng esou grouss Schrëtt méi kënne maachen, wéi virun 30 Joer nach.", huet den LSAP-Europadeputéierte bemängelt.

Een EU-wäit bedéngungsloost Grondakommes?

Déi paneuropäesch Partei Volt trëtt bei den Europawalen iwwerdeems dofir an, e bedéngungsloost Grondakommes fir d’Bierger an der EU anzeféieren. Mee wéi vill soll all Bierger op déi Manéier ausbezuelt kréien? Dat war d'Fro un de Volt-Kandidat Philippe Schannes. 

“Eis Propos ass, datt et en negative Steiersystem soll sinn. Dat heescht: Een, deen ënnert engem gewëssen Akommesseuil läit, datt een dann amplaz Steieren ze bezuele Sue kritt. Wéi vill? Do hu mir an eiser Propos stoen, datt an all EU-Land mindestens 500 Euro sollten ugeduecht ginn."

Mee dat kéint een awer net alles iwwer ee Kamm schären, betount de Philippe Schannes. Et misst een dat Ganzt regional kucken an un déi entspriechend Conditiounen upassen.

Nieft Volt schwätzt iwwregens och d’Piratepartei sech dofir aus, e Grondakommes fir jiddereen an der EU anzeféieren. D’LSAP an d’Kommuniste sinn awer net dofir.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europawalen