Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nuetsmarathon: Ee besonnescht Erliefnes

Sport

Nuetsmarathon: Ee besonnescht Erliefnes

D’Däischtert, d’Kuliss an d’Stëmmung maachen de Marathon duerch d’Stad zu engem eemolegen Erliefnis, fënnt den Organisateur Erich François. Muer den Owend ass den Depart vun der 17. Editioun vum Nuetsmarathon.

auto_stories

1 min

headphones

22 min

© Maurice Molitor play_arrow
Den Erich François ass Organisateur vum Nuetsmarathon (Foto: Maurice Molitor)

Keen anert Sportsevenement zitt hei am Land esou vill Leit u wéi den Nuetsmarathon. E fuerdert eng Risen Organisatioun: Méi wéi 16.000 Leeferinnen a Leefer ginn un den Depart. Een neie Rekord, deen dem Erich François awer net duergeet. Hie strieft un, an net allze laanger Zukunft eng 20.000 bis 25.000 Leit un de Start ze kréien.

Hien ass zouversiichtlech, datt dat klappt. Wärend der Pandemie hätten nämlech vill Leit, och méi jonker, ugefaangen, lafen ze goen. An dat wiere lauter potentiell Marathonleefer vu muer.

D'Stëmmung entsteet doduerch, datt et nuets ass

All gréisser Stad organiséiert jo hire Marathon. Wat deen zu Lëtzebuerg sou besonnesch mécht, ass d'Stëmmung, déi doduerch entsteet, datt owes gelaf gëtt: d‘Beliichtung an d‘Spectateure maachen do villes aus.

Och de Parcours selwer an d‘Kuliss duerch d‘Stad géif vu ville Leefer a Leeferinne gelueft ginn, erkläert den Erich François.

Fir de Marathon sinn iwwer 1.000 Fräiwëlleger am Asaz. Ouni déi géif et net goen, betount den Erich François.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Interview
Sport