Radioen

On air

De Moien  |  The Necessaries - More Real

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OECD: Katastrophal Resultater bei der neister PISA-Etüd

D'Leeschtunge gi staark zeréck

OECD: Katastrophal Resultater bei der neister PISA-Etüd

D‘OECD huet d‘Resultater vun der neier PISA-Etüd virgestallt. Ronn 690.000 Schülerinnen a Schüler aus 81 Länner hu bei de PISA-Tester matgemaach. An d‘Resultater si katastrophal, wéi d‘OECD schreift.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON

D‘Leeschtung wier sou staark zeréckgaange, wéi nach ni virdrun. Verglach mat 2018 ass d‘Moyenne an der Lies-Kompetenz ëm 10 Punkten, an an der Mathe ëm 15 Punkte gefall.

D‘Coronapandemie kéint nëmmen deelweis dofir responsabel gemaach ginn, well d‘Leeschtungen hätten a verschiddene Länner scho virdrun ugefaangen zeréckzegoen.

Ganz schlecht huet Däitschland ofgeschnidden: do geet vun engem Pisa-Schock Rieds. An der Mathé, dem Liesen an de Sciencen hunn déi däitsch Schüler sou schlecht ofgeschnidden, wéi nach ni.

Lëtzebuerg mécht bei der PISA-Etude net méi mat.