Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portrait Ben Polidori: Den neie Pirat

Chamberwalen

Portrait Ben Polidori: Den neie Pirat

De Ben Polidori spillt zwar kee Fussball méi, mee um Walowend, den 8. Oktober, huet hie souzesoen nach ee Gol a leschter Sekonn geschoss. Dee bal 34-Joer alen Informatiker a Conseiller vu Viichten huet bei sengen éischte Chamberwalen um Enn awer nach ee Sëtz fir d’Piratepartei am Norde gewonnen. De Pierre Reyland mat engem Portrait vun deem neie Pirat

auto_stories

6 min

headphones

7 min

play_arrow
De Ben Polidori ass elo den drëtte Piraten-Deputéierten. (Foto: Pierre Reyland)

D’Piraten hu bei de Chamberwalen zwar net déi fënnef bis sechs Sëtz erreecht, déi si sech erhofft haten, mee se hunn elo mam Ben Polidori dräi Deputéierter. 33 Joer ass hien al, bestuet, a Papp vun engem klénge Meedchen. Zanter 2018 wunnt hien zu Viichten.

Gebuer ass de Ben Polidori awer zu Esch-Uelzecht, an hien ass och am Süden, zu Diddeleng, opgewuess. Un de Walowend den 8. Oktober kann hie sech nach gutt erënneren. Eréischt ganz spéit war kloer, datt hie mat 4.804 Stëmmen awer ee Sëtz fir d’Piraten am Norde gewonnen hat. Dat wier „eng relativ grouss Iwwerraschung“ gewiescht, wéi de Ben Polidori selwer zougëtt.

Vum Fussball an d'Politik

Mee datt dat keen Dram war, gouf ronn zwou Wochen drop och kloer, wéi de Ben Polidori als Deputéierten an der Chamber vereedegt gouf.

„Da kënnt awer esou richteg d’Realitéit eng Kéier, datt een do an deem Haus ass, an där Chamber. Fir mech war et einfach eng riseg  Éier, wou vill aner Leit awer just dervu kënnen dreemen.“

Am Ben Polidori sengem Liewe schéngt et, wéi wa fir hien Dreem scho méi dacks an Erfëllung goungen, an dat obwuel, oder vläicht grad, well hie mat de Féiss um Buedem bleift. Am Fussball, zum Beispill, wou dem Ben Polidori säin Talent evident war. Hie war an der U21-Nationalequipe an huet bis 2021 fir vill Veräiner hei am Land gespillt, dorënner den F91 Diddeleng, an der ieweschter Divisioun. An eng Profi-Karriär am Fussball?

„Also ech hunn et net gespuert, datt ech elo konnt international iergendwou Fouss faassen. Dat hunn ech fir mech agesinn."

Vu sengen Eltere léiert de Ben Polidori Valeuren, déi him och als Deputéierte gutt zur Säit wäerte stoen: Säi Papp war Auto-Carrossier an huet sech dunn an der Baubranche eropgeschafft. Seng Mamm huet ënner anerem eng Tankstell an dunn eng Videothéik gefouert.

„Ech hunn an der Famill vill op meng Eltere gekuckt, well déi och e Parcours hunn, déi och mat Schaffen zu deem komm sinn, zu wat se komm sinn.“

"Wann's de schaffs, gëss de belount"

De Ben Polidori huet selwer fréi mat Schaffen ugefaangen. Nieft dem Fussball war d‘Informatik scho vu fréi un seng Leidenschaft. Hien huet och fir eng Ausbildung zum Informatiker geléiert, mee no der Douzième huet de Ben Polidori mat der Schoul opgehalen. Hie goung mat 19 Joer bei eng Computerfirma schaffen, an du bei d’Post. Do huet de Ben Polidori sech séier als Informatiker eropgeschafft a gouf Chef gouf vun engem Team vu bal 30 Leit. Zu sengem deemolege Schoulofbroch seet hien haut:

„Et war ee Choix, wou ech awer och Doheem op vill Diskussioune gestouss sinn. Ech hunn einfach geduecht, ech gi lo schaffen, an ech fanne scho mäi Wee. Et ass gutt ausgaangen. Mee ech hunn awer och haut de Leit, déi ech encadréiert hunn, gesot, mat Schoul, ouni Schoul... ech hunn ëmmer gesot: 'Wann's de schaffs, gëss de belount.' Et ass net ëmmer esou, an et kënnt och Chance derbäi, mee ech mengen, wann's de dech richteg engagéiers, provozéiers de d’Chance awer éischter. Dat ass meng eegen Astellung.“

Elo wäert hie sech ganz op seng nei Roll als Deputéierte konzentréiere bei a sengem IT-Job bei der Post mécht hie bis op Weideres eng länger Paus.

"Ech hunn de Kolleegen och gesot, ech ginn op enger Säit vum Gesiicht mat enger Tréin vun Trauer, an op der anerer Säit mat enger Tréin vu Freed.“

D’Leidenschaft fir d’Politik koum beim Ben Polidori ganz rezent, a gouf eigentlech eréischt 2020 gebuer, dat selwecht Joer wéi seng Duechter.

„Wou ech Papp gi sinn hu mech awer verschidden Theeme méi intresséiert: d’Educatioun, d’Familljepolitik, wéi jonk Leit sech organiséiere mussen. Dat heescht net, datt dat alles schlecht war. Mee et waren awer Punkten do wou, ech gesot hunn: hmmm ...“ 

Dorënner och d’Logements-Kris, wou de Ben Polidori selwer vu vill Chance schwätzt, datt hien nach ee vun deenen ass, déi sech selwer eppes konnt kafen. Bei ville Leit wier dat net méi esou. Mee amplaz just ze kritiséieren, hätt hien de Besoin verspuert, sech selwer op eng konstruktiv Aart a Weis fir Verbesserungen anzesetzen.

Ee Vertrieder vun der jonker Generatioun

A fir wat d’Piratepartei? Hien hätt sech deemools d’Iddie vu verschidde Parteien ugekuckt, an och wéi staark d’Deputéiert se sech fir hir Iwwerzeegungen asetzen. D’Piratepartei huet him am beschte gefall.

„Si si just zu zwee, mee si maachen dat awer scho gutt an éiergäizeg, a si setze sech awer wierklech derfir an a si gi sech och net, a well ech och ee sinn, dee sech net gëtt...am Prinzip.“

Elo ass de Ben Polidori un der Säit vun deenen zwee vun deemools, dem Sven Clement a Marc Goergen, déi erëmgewielt goufen. Dat hie manner Erfarung huet, a vläicht net dee klasseschen Hannergrond vun engem Deputéierten, mécht dem Ben Polidori kéng Suergen.

“Also ech fäerten elo net. Verschidde Basissen hunn ech vläicht net, wéi verschidden anerer, déi scho ganz laang derbäi sinn, oder vläicht gewëssen Etuden an deem Beräich gemaach hunn. Mee ech hunn awer vläicht ee gewëssent Denken, dat anerer net hunn, well ech en anere Parcours gemaach hunn. An ech mengen, dat ass awer och wichteg an enger Chamber ze hunn, well mir sollen all d’Leit vertrieden, och vläicht Leit ewéi ech, déi net ee Bachelor oder ee Master gemaach hunn.“

Matt 33, a ganz geschwë 34 Joer, gehéiert de Ben Polidori och zu där jonker, neier Generatioun vun Deputéierten.

„Ech sinn an d’Politik gaangen, well ech gesinn hunn, datt verschidden Aart a Weisen, wéi Politik gemaach gëtt, vläicht net esou deem entsprécht, wéi ech et gesinn als jonke Mënsch. An och och anerer, aus menger Generatioun. Mee niewendrun brauche mir och déi experimentéiert an déi eeler Generatiounen.“

Op wéi eng Theemen hie sech als Deputéierte besonnesch wäert konzentréieren? Do wëll de Ben Polidori sech nach net ze vill konkreet festleeën. D’Familljepolitik, d’Educatioun an d’Digitaliséierung sinn déi Theemen, déi hien de Medien an Interviewe bis elo ëmmer genannt huet. Och aner Theemen, ewéi d’Ëmwelt, géifen hien intresséieren.

Wéi hunn da seng Elteren, a seng Famill, op seng Walvictoire reagéiert, froen ech zum Schluss nach de neien Deputéierte vun der Piratepartei Ben Polidori.

„Jiddereen huet dat gutt fonnt. Ech hu vu kengem gesot krut, maach dat net. Mee verschiddener hu mir gesot, firwat d’Piraten? Mee ech hat awer ni elo mat der Famill Sträit dowéinst. Ech hunn dat argumentéiert, an du war dat ok. An elo, wou ech effektiv och nach gewielt gouf, do waren se schonn iwwerrascht, well si och d’Chance nach méi Null gesinn hunn ewéi Null. An elo sëtzen ech awer hei.“

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft