Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Tennis an d'Politik

D'Mandy Minella am Portrait

Vum Tennis an d'Politik

„Dear Tennis, it’s time to say goodbye. See you one last time in Wimbledon.“ Mat deene Wierder huet d’Mandy Minella zejoert op soziale Medien ugekënnegt, datt si mat hirer Karriär als professionell Tennisspillerin nom Grand Slam an England ophält. Fir si gouf et Zäit, een neit Kapitel an hirem Liewen opzeschloen. Zanter den Nationalwalen de 8. Oktober ass d’Mandy Minella een neit Gesiicht an der Chamber.

auto_stories

6 min

headphones

6 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
D'Mandy Minella sëtzt zanter de leschte Walen an der Chamber. (Foto: Jo Diseviscourt)

Disziplin an Éiergäiz – am Sport wéi och an der Politik - wiere wichteg, esou d'Mandy Minella. Vill Wäerter aus hirer Profi-Sportler-Zäit dreiwen si och elo nach als Deputéierten un.

“Et bréngt ee vill Saache mat. D’Disziplin, d’Hartnäckegkeet. An effektiv ëmmer um Ball ze bleiwen, och wann ee schlecht Momenter huet. Do hunn ech et fäerdeg bruecht ëmmer erëm zeréck ze kommen an ni opzeginn.”

Eegenschaften, déi d’Mandy Minella och fir d’Politik notze wëll. Datt si och tatsächlech ee Sëtz an der Chamber kréie géif, war fir si awer eng Iwwerraschung. Mat iwwer 11.700 Stëmme gouf si 6. Gewielte vun der DP am Süden. Well et nach um Walowend ausgesinn huet, wéi wann d’CSV an d’DP eng Koalitioun bilde wäerten, war séier kloer: d’Mandy Minella kéint an d’Chamber norëtschen.

“Ech hat net geduecht, datt ech géif esou staark gewielt ginn. Mee jo, et war awer schonn eng grouss Iwwerraschung, well et wousst een an deem Moment nach net, a wéi eng Richtung et kéint goen.”

Politesche Fokus läit kloer um Sport

Engagéiere wëll déi frësch gebaken Deputéiert sech nieft der Familljepolitik natierlech haaptsächlech fir de Sport.

“Sport bréngt eng méi gesond Gesellschaft. An zwar mental a physesch. Et entlaascht d’Santé an d’Zukunft, wann een elo eng gutt Basis setzt bei de Jonken. Et stäerkt d’Selbstvertraue vun de Kanner. D’Kanner léiere mat Drock ëmzegoen. Si léieren am Sport immens vill mateneen ëmzegoen.”

Fir déi fréier Tennisprofi war de Sport laang Zäit een Deel vun hirer Identitéit, a wäert et och zu engem gewësse Grad bleiwen.

D’Mandy Minella kënnt aus enger Escher Aarbechterfamill. D’Sportbegeeschterung vun hirem Papp huet si e bëssen ugestach. Mat 12 Joer wosst d’Mandy Minella schonn, datt si a Richtung Profisport goe wëll. Mat 15 huet si dunn decidéiert, zu Paräis hir Karriär ze starten.

Ee vun de villen Highlights an den 20 Joer als professionell Tennisspillerin war fir d’Mandy Minella de Match géint d’Venus Williams bei de US-Open zu New York. Mee an hirer Karriär gouf et och eng Rei net sou schéi Momenter, virun allem hannert de Kulissen. Déi Momenter, déi een net sou oft gesäit.

“An den éischte Jore sinn ech immens vill eleng gereest. An ech hunn e bëssen u Solitüd gelidden. Also dat war net einfach. Ech konnt aus finanzielle Grënn och net mat Trainer reesen. Wëssend och, virun 20 Joer war dat nach net sou mat de Smartphones a mam Internet. An déi Saachen hu mech gestäerkt, mee ech mengen, ech hunn och ee klenge Knacks.”

Ee weideren Highlight: de Match géingt d'Serena Williams 2013 zu Wimbledon. | © Kirsten Holst / HOCH ZWEI
Ee weideren Highlight: de Match géingt d'Serena Williams 2013 zu Wimbledon. (Foto: Kirsten Holst / HOCH ZWEI)

Den Tennis léisst si net lass

De Profi-Tennis vermësst si net.

“Ech hunn alles ginn. Et war wierklech eng Zäit fir opzehalen.” 

Elo freet si sech op een neit Kapitel an hirem Liewen. Tennis spillt d’Mandy Minella mëttlerweil nëmmen nach an hirer Fräizäit.

“Jo ech hunn effektiv awer nach vill gespillt. Sou bal ech ka spillen ech. Et ass e bëssen onreegelméisseg am Moment. Mee jo, sou bal ech ka gesitt Dir mech nach um Tennisterrain.” 

Vill Zäit bleift hir nieft hirem Mandat, an als Mamm vun zwee Kanner dofir awer net méi. D’Politik bestëmmt elo hiert Liewen. Datt si grad an der DP lande géif, war fir si net direkt kloer.

Firwat grad d‘DP?

Eréischt viru ronn annerhallwem Joer huet de President vum Lëtzebuerger Tennisverband a fréieren DP-Generalsekretär Claude Lamberty si op ee potenzielle politeschen Engagement ugeschwat. Och aner Parteien hu bei hir ugeklappt. Wéi eng dat waren, wollt d’Mandy Minella net soen. Mee firwat ass et dann d’DP ginn?

“D’DP, well ech mech mat hire Wäerter identifizéiere kann. D’Politik, déi si déi lescht Jore gemaach hunn huet mir wierklech gutt gefall. Virun allem wann een de Xavier Bettel kuckt als Leader vun der Partei.” 

Sech hirer Bekanntheet bewosst

D’Mandy Minella ass sech awer och bewosst, datt si op d’mannst een Deel vun hirem Walresultat hirer Bekanntheet als Sportlerin ze verdanken huet.

“Ech si säit 20 Joer an der Ëffentlechkeet. D’Leit konnte wierklech mäi ganze Parcours kucken, vum Teenager bis elo. Si hu gesinn, wéi ech geschafft hunn. Si hu gesinn, wéi ech meng ups and downs gemanaged hunn, an ech ëmmer erëm komm sinn. Si hu gesinn, wat meng Wäerter sinn.” 

An hirer Zäit als Profisportlerin war hire Mann hire Coach. An op seng Ënnerstëtzung ka si och bei hirem Debüt an der Politik zielen. Op d’Fro hin, ob si sech virstelle kéint, eemol Sportministesch ze ginn, sot d’Mandy Minella, datt si net an d’Politik komm wier, fir ee Ministerposten ze iwwerhuelen.

Wat d’Zukunft bréngt, do ass si awer oppen. De Match an der Lëtzebuerger Politik huet fir si grad eréischt ugefaangen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft