Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Propalästinensesch Protester op de Paräisser Universitéiten: Béid Säite bleiwe stuer

Paräis

Propalästinensesch Protester op de Paräisser Universitéiten: Béid Säite bleiwe stuer

Zu Paräis hunn an de leschte Wochen d’Aktioune vun de Studenten zougeholl. D’Unisdirektiounen an d’Regierung verurteelen d’Aart a Weis, wéi protestéiert gëtt. D’Aktivisten awer wëllen net noginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Zéi Gespréicher, bei deene béid Säite stuer bliwwe sinn, dat war de Bilan vum provisoresche Sciences Po Administrateur Jean Bassères, no enger Gespréichsronn mat de protestéierende Studente leschten Donneschdeg. Dës fuerderen ënner anerem, datt eng speziell Aarbechtsgrupp, e Rapport iwwer d’Relatiounen tëschent der franséischer Uni a Partnerunien an Entreprisen an Israel soll opstellen.

Direktioun vun der Uni an déi franséisch Regierung wëllen hei haart bléiwen. De Yassin, ee fréiere Student vun der Sciences Po war leschte Freideg ënnert den 200 bis 300 Jonken, déi virum Pantheon manifestéiert hunn. Hie wéilt sech solidaresch weisen a kann d’Fuerderunge gutt novollzéien.

Schaarf Kritik vun der Regierung

Den Emmanuel Macron huet gëschter nach d’Aktioune vun den Aktiviste schaarf verurteelt an de Policeasaz géint Blockade legitiméiert. D’Hania Hamidi ass Generalsekretärin vun der Studentegewerkschaft UNEF a kritiséiert dës repressiv Mesuren.

“Nous, effectivement, on pense qu’à partir du moment où on envoie les forces de l’ordre sur nos lieux d’études, le compromis, il est différent, le rapport de force, il n’est pas le même.” 

Déi individuell a kollektiv Fräiheete géifen hei a Fro gestallt an attackéiert ginn.

Hongerstreik a Blockaden

Vill Studente kritiséieren, datt d’Regierung hier Protestmëttel als illegitim a radikal bezeechent. Och wann net all d’Studente mam Protest averstan wieren an dësen d’Uerdnung un der Uni géing stéieren, wier d’Blockad e legitimt Mëttel mengt e Student virun den Diere vun der Uni.

D’Studente wëllen d’Mobilisatioun weiderféieren, och wann elo d’Summervakanz usteet.

D’Mobilisatioun vun de Jonken deent sech weider aus, fir gaut huet och d’Gewerkschaft vun de Lycéesschüler a Frankräich, d’USL, opgeruff uechtert d’Land Schoulen ze blockéieren. 

Lauschterenplay_arrow


Max Tholl (Paräis)