Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
search

/ Protest vun der CGPF: Politik trëppelt den Accord salarial mat Féiss

Staatsbeamtegewerkschaft

Protest vun der CGPF: Politik trëppelt den Accord salarial mat Féiss

D’CGFP ass net frou iwwer d’Decisioun vun der Regierung fir de Bewäertungssystem an der Arméi bäizebehalen. Dat obwuel mam Accord salarial vum Dezember 2022 festgehale gouf, datt d’Bewäertung an der ganzer Fonction publique sollt verschwannen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Jaques Ganser

Am Park Hotel zu Dummeldeng war dowéinst gëschter Owend virun enge 500 Memberen eng Protestmanifestatioun. Gefuerdert gouf ënner anerem d’Ofschafe vum Bewäertungssystem an der Arméi.

"E politescht Trauerspill"

Besonnesch rose mécht d’CGFP, datt d’CSV als Oppositiounspartei d’Bewäertung kritiséiert huet an elo awer an der Regierung op eemol eng 180 Grad Kéier mécht.

„D'CSV, fir se net ze nennen, weess, nodeems wat se nach deemools beim Vott an der Chamber gesot hat, datt si ganz ‚bewosst‘ e Vertragsbroch mécht. Ganz schlechte Stil, einfach e politescht Trauerspill op allerënneschtem Niveau.“

D’Regierung hätt e Vertragsbroch begaangen an dat géif d’CGFP net acceptéieren. Dobäi kéim eng arrogant Aart a Weis, ouni Dialog. Dat wier hannerhälteg, onéierlech an nidderträchteg, sou de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger.

Drock gëtt kontinuéierlech erhéicht

D’Regierung hätt domadder fäerdeg bruecht, wat nach kee bis elo fäerdeg bruecht hätt: Sech schonn no sechs Méint mat der gréisster Gewerkschaft aus der Fonction publique unzeleeën.

„Dat hei ass lo mol just den Optakt vun enger Campagne, déi, wann et da muss sinn, sech iwwert déi ganz Legislaturperiod wäert zéien. An et soll een eis an deem Punkt och net ënnerschätzen.“

D’CGFP wéilt op gewerkschaftlechem Plang den Drock kontinuéierlech erhéijen „soulaang d’Politik den Accord salarial mat Féiss trëppelt“, esou de Steve Heiliger weider.

Vum Minister vun der Fonction publique wier iwwerdeems näischt ze gesinn. Dee wier ënnergetaucht.

Reform vum Pensiounssystem net mat der CGFP ze maachen

Net nëmmen de Bewäertungssystem war een Theema op der Manifestatioun, och déi ugekënnegt Reform vum Pensiounssystem wier mat der CGFP net ze maachen. Eng Reform, déi mat kengem Wuert an de Walprogrammer ernimmt gi wier.

"An d’Tënt vum Koalitiounsaccord war nach net dréchen, gëtt déi nei Sozialministesch knapps no hirer Vereedegung an d’Renne geschéckt, fir der Ëffentlechkeet läffelchersweis ze erklären, datt d’Pensiounen awer elo een Theema an dëser Legislaturperiod solle sinn.“

D’Ofschafe vum Deckel op den Energiepräisser Enn dës Joers wier dee gréisste Feeler, deen ee kéint maachen. D’Präisser géifen dann explodéieren an d’Inflatioun undreiwen.

Och déi geplangte Spuermesurë beim Staat selwer komme bei der CGFP net gutt un. De Staat géing ouni effikass Fonction publique net funktionéieren. An déi hätt de méi laangen Otem.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft